Welteethos ass d'Formulatioun vun engem Grondkonsens vun eetheschen Normen a Wäerter, déi sech vu reliéisen, kulturellen a philosopheschen Traditiounen ofleeden. Et ass eng Aart a Weis, fir interkulturell Verbindungen ze fuerderen a baséiert op de Grondiddie vun alle Reliounen an alle philosophesch-humanisteschen Usätz. De Projet Welteethos gouf de 4. September 1993 vum Schwäizer Theolog Hans Küng mat senger Erklärung zum Welteethos am Parlament vun de Weltreliounen an d'Welt gesat.

Grondiddien änneren

  • Fir d'Zesummeliewen op der Äerd an an der globaliséierter Welt brauch een e globalen Eethos.
  • Fir Fridden ënnert den Natiounen brauch ee Fridden ënnert de Reliounen.
  • Fir Fridden ënnert de Relioune brauch een en Dialog tëscht de Reliounen.
  • Fir den Dialog tëschent de Reliounen a Kulture muss een d'Grondlage vun dësen erfuerschen.
  • Reliéis an netreliéis Mënsche mussen ee Virstellungswandel, fir ee globalen Eethos, vollzéien.

2 eethesch Prinzipien a 5 Weisungen änneren

D'Erklärung zum Welteethos baut op dësen 2 Prinzipien:

  • De Prinzip vun der Humanitéit: All Mënsch muss mënschlech behandelt ginn!
  • De Prinzip vun der Gëllener Reegel, déi a ville Kulturen a Reliounen an och bei ville Philosophe ze fannen ass: Behandel déi aner esou, wéi s du selwer gär behandelt wiers.

Dës 2 Prinzipien stelle gemeinsam Normen duer, déi an de 5 Weisunge konkreetiséiert ginn:

1. Hief déiwe Respekt virun dem Liewen!

Verflichtung op eng Kultur vun der Gewaltlosegkeet! Et gëtt keen Iwwerliewe vun der Mënschheet ouni Weltfridden.

2. Handel gerecht a fair!

Verflichtung op eng Kultur vun der Solidaritéit a gerechter Wirtschaftsuerdnung! Et gëtt kee Weltfridden ouni Weltgerechtigkeet.

3. Schwätz an handel éierlech a wouer!

Verflichtung op eng Kultur vun der Toleranz an e Liewen an der Wahrhaftigkeet! Et gëtt keng Weltgerechtegkeet ouni Grondéierlechkeet a Mënschlechkeet.

4. Uecht een deen aneren an hutt een deen anere gär!

Verflichtung op eng Kultur vun der Gläichberechtegung vu Mann a Fra an dem partnerschaftlechen Ëmgang mateneen! Es gëtt keng wierklech Mënschlechkeet ouni partnerschaftlecht Zesummeliewen.

5. Denk un d'Wuel vun allen op dëser Äerd!

Verflichtung op eng Kultur vun der Nohaltegkeet an der Suerg fir d'Äerd! Et gëtt keng Grondéierlechkeet a Mënschlechkeet ouni de Respekt vun der Ëmwelt an alle Liewewiesen op der Äerd.

D'Stëftung Welteethos änneren

1995 gouf zu Tübingen an Däitschland d'Stëftung Welteethos vum Hans Küng gegrënnt. Do ass haut hiren Haaptsëtz. Se gouf virun allem vum K. von der Groeben finanzéiert. Hien hat dem Theolog säi Buch "Projekt Welteethos" vun 1990 gelies a war doropshi sou begeeschtert, datt hien en décke Pak Suen gespennt huet.

Den éischte President vun der Stëftung war den Hans Küng. Am Mäerz 2013 huet de President vum Staatsgeriichtshaff vum Land Baden-Württemberg, den Eberhard Stilz, déi Plaz iwwerholl.

Déi gréisst Ziler vun der Stëftung sinn d'Fuerderung vun interkultureller Kompetenz an Dialog tëschent de Reliounen an de Kulturen. Da gëtt d'interkulturell an d'interreliéis Fuerschung gefërdert an duerchgesat. D'Bildungsaarbecht an deene Beräicher gëtt och gefërdert.

Mat all deene Wäerter solle follgend Ziler erreecht ginn:

Änlech Welteethos-Beweegunge si mi spéit an der Schwäiz, Éisträich, Tschechien, Mexiko, Kolumbien a Brasilien gegrënnt ginn.

Welteethosschoulen änneren

Ee vun de Projete vun der Stëftung Welteethos am Beräich vun der Schoul an der Bildung ass dee vun de sougenannte Welteethosschoulen[1]. Deen Titel gëtt u Schoule verginn, déi de Prinzip Welteethos aktiv an hiren Alldag integréieren an och schoulintern Projeten zu deem Theema organiséieren. Bis November 2019 goufen 19 Schoulen ausgezeechent. Zu Lëtzebuerg ass de Kolléisch bis elo déi eenzeg Welteethos-Schoul.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Welteethos-Schoulen