|
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
PHP (rekursivt Backronym fir „PHP: Hypertext Preprocessor“, ursprénglech „Personal Home Page Tools“) ass eng Scriptsprooch mat enger Java rsp. Perl orientéiert Syntax, déi haaptsächlech fir dynamesch Entwécklung vu Websäiten oder Webuwendunge benotzt gëtt. PHP ass eng Open-Source-Software.
PHP zeechend sech am speziellen doduerch aus, datt ee se liicht léiere kann. Déi breet Datebankenënnerstëtzung, d'Internet-Protokollabannung an d'Verfügbarkeet vu ville zousätzleche Funktiounsbibliothéiken si weider Charakteristiken, déi Programméierer ze schätze wëssen. Et existéiere zum Beispill Programmbibliothéiken, fir Biller a Graphiken, déi a Websäiten agebonne solle ginn, dynamesch ze generéieren.