An der Informatik ass de Benotzer, och nach User (engl.) oder Utilisateur (frs.) genannt, eng Persoun, déi e Computer gebraucht.

Den Endbenotzer kann zum Beispill eng Infirmière an engem Spidol sinn, déi e bestëmmte Computerprogramm fir hir Aarbecht benotzt (Foto aus den USA aus dem Joer 1987)

De Benotzer huet meescht e "Benotzerkont" a gëtt vum Computersystem u sengem "Benotzernumm" erkannt.

An der Produktentwécklung gëtt och de Begrëff Endbenotzer (end user op Englesch) gebraucht, fir déi Persoun, déi d'Produkt schlussendlech perséinlech gebraucht. Den Endbenotzer ënnerscheet sech domat vun deene Benotzer, déi de Produit ënnerstëtzen oder ënnerhalen, wéi zum Beispill een Systemadministrateur (Admin), e Softwareentwéckler oder e Computertechniker. Den Endbenotzer huet generell net de selwechten Niveau un techneschem Wëssen a Verständnes vum Produit wéi d'Designere vun deem Produit.

Wann d'Produktdesigneren dee Wëssensënnerscheed vergiessen, kann dat zu onzefriddenen Endbenotzer féieren, well se net mam Produit eenz ginn. Den Endbenotzer ass net ëmmer de Client, mee kann och den Employée vun engem Client sinn. De Client kann zum Beispill eng grouss Entreprise sinn, déi eng Software keeft, an d'Endbenotzer sinn déi Leit, déi bei där Entreprise agestallt sinn a mat der Software an hirem Aarbechtsalldag schaffen.