An der Informatik bezeechent de Begrëff Server souwuel ee Computer, dee Resourcen iwwer en Netzwierk zur Verfügung stellt, wéi och de Computerprogramm, deen op deem Computer leeft.

En typescht Serverregal ("server rack") fir hardwarebaséiert Serveren

Definitiounen änneren

 
D'Schema weist, wéi Computeren (Clients) iwwer den Internet mat engem Servercomputer kommunizéieren

Deementspriechend kann een zwou Definitioune fir e Server ginn:[1]

  • En hardwarebaséierte Server ass e physeschen Apparat (Computer), deen an e Computernetzwierk agebonnen ass, an op deem nieft dem Betribssystem och een oder méi softwarebaséiert Servere lafen. Den hardwarebaséierte Server kann een och als "Host" bezeechnen. Am Prinzip kann een all Computer mat enger Serversoftware als Host benotzen.
  • E softwarebaséierte Server ass e Programm, deen e speziellen Déngscht ubitt, op deen aner Programmer zougräife kënnen an en an Usproch huele kënnen. Déi aner Programmer gi Clients genannt. D'Aart vun Déngscht, déi zur Verfügung steet, hänkt vun der Server-Software of.

Hardwareserver kënnen an engem zouenen Netzwierk schaffen (z. B. am internen Netzwierk vun enger Entreprise) oder iwwer den Internet erreechbar sinn. D'Servere si meeschten déi am stäerksten ausgebaut Computeren an engem Netzwierk an hunn eng grouss Festplackekapazitéit an eng séier Zentralunitéit (CPU).

Generell mécht e Server nëmmen e puer Saache fir vill Clients. Gläichzäiteg kann ee Client och mat e puer Servere kommunizéieren. Alles wat e Server mécht gëtt Déngscht oder "Service" genannt. D'Konzept vum Client-Server-Modell erméiglecht et, d'Aufgaben op verschidde Computeren ze verdeelen, fir datt ënnerschiddlech Endbenotzer onofhängeg vuneneen op d'Déngschter vum Server Zougank hunn.

All Déngscht, deen iwwer en Netzwierk verfügbar ass, gëtt vun engem softwarebaséierte Server ugebueden, deen permanent aktiv ass. Nëmmen esou ka sécher gestallt ginn, datt Clients (zum Beispill e Webbrowser oder en E-Mail-Programm) zu all Moment d'Méiglechkeet hunn, aktiv op der Server zeréckzegräifen an den Déngscht an Usproch ze huelen.

Typpe vu Serveren änneren

Et gëtt ënnerschiddlech Typpe vu Serveren, dorënner:[1][2]

  • E Mailserver (oder Emailserver) empfänkt a verschéckt E-Mailen.
  • E Webserver späichert a verwalt Websäiten, a stellt se dem Endbenotzer iwwer Clients wéi zum Beispill Webbrowseren zur Verfügung
  • E Printserver ass mat engem Computernetzwierk verbonnen a print fir méi wéi ee Client.
  • E Fileserver (oder Dateiserver, Fichierserver) ass eng zentral Späicherplaz vun Dateien. En erlabt verschiddene Clients iwwer en Netzwierk op déi Dateien zeréckzegräifen.
  • En Datenbankserver erméiglecht anere Programmer den Zougrëff op een oder méi Datebanksystemer.
  • E Gameserver verwalt d'Date vun Onlinespiller mat méi wéi engem Spiller an erméiglecht eng synchron Interaktioun mat der virtueller Welt.
  • E Proxyserver hëlt Ufroen aus engem Computernetzwierk entgéint a leet se iwwert seng eegen IP-Adress weider. En ass also en Intermediaire tëschen dem Client, deen e Service ufreet, an dem Server, deen dee Service ubitt. Doduerch erméiglecht en eng Anonymiséierung, well d'IP-Adress vum Client hannert der IP-Adress vum Proxyserver verstoppt bleift.[3]
  • En DNS-Server iwwersetzt en Domain-Numm, deen e Benotzer an de Webbrowser tippt an numeresch IP-Adressen, déi en dann zur korrekter Websäit bréngen.
  • En Applikatiounsserver féiert Applikatiounen a mobil Applikatiounen aus.

Um Spaweck änneren

Commons: Server – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 ionos.de: Was ist ein Server? (15. September 2020 2016)
  2. paessler.com: IT Explained: Server (gekuckt de 24. August 2021)
  3. ip-insider.de: Was ist ein Proxy Server? vum Stefan Luber an Andreas Donner(1. August 2018)