Google

Internet-Sichmaschinn
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Google ass eng Internet-Sichmaschinn vun der Firma Google Inc., déi hire Sëtz zu Mountain View an den USA huet. Google gouf vum Larry Page a vum Sergey Brin entwéckelt.

De Logo vu Google

Ugefaangen huet alles mat Recherche fir hir Dokteraarbechten am Januar 1996 op der Stanford Universitéit, wou de Brin an de Page sech kenne geléiert haten.

Google huet fir d'éischt "BackRub" geheescht, well hire System ëmmer d'Backlinke gepréift huet, fir d'Relevanz vun enger Internetsäit erauszefannen.

Den Domain google.com gouf de 15. September 1997 registréiert, virdrun ass Google ënner dem Domain vun der Stanford Universitéit gelaf 'google.stanford.edu'.

Haut huet Google Inc. iwwer 6500 Mataarbechter an de Page an de Brin sinn nom Boursegank vun hirer Firma am Joer 2004 zwéi vun de räichste Mënschen op der Welt.

Interessanterweis hunn och d'Entwéckler vun der Internet-Sichmaschinn Yahoo, den David Filo an den Jerry Yang, op der Stanford Universitéit studéiert.

Bei besonneschen Evenementer, wéi z. B. der Olympiad, oder Feierdeeg a Gebuertsdeeg vu bekannte Perséinlechkeeten, changéiert Google zanter dem Joer 2000 säi Logo. Dës themebaséiert Logoe ginn och nach "Google Doodle" genannt (op Lëtz.: Gekrozels).

Um Spaweck änneren

Commons: Google – Biller, Videoen oder Audiodateien