Lëtzebuerger Bicherediteuren
D'Lëtzebuerger Bicherediteuren, a.s.b.l. ass e lëtzebuergesche Verband, bei deem e relativ vill Bicherediteuren zu Lëtzebuerg Member sinn.
Historique
ännerenDe lëtzebuergesche Verband vun de Bicherediteure gouf 1982 ënner dem Numm Fédération luxembourgeoise des éditeurs de livres gegrënnt. 2007 gouf den Numm op Lëtzebuerger Bicherediteuren, a.s.b.l. geännert.[1]
Presidenten
änneren- Gast Zangerlé (1987 bis 1997)
- Albert Daming (bis 2007)
- Dirk Sumkötter (2007 bis 2010)
- Susanne Jaspers (2010 bis 2011)
- Dirk Sumkötter (2012 - 2013 (?))
- Doris Bintner[2] (2014 - haut)
Lëtzebuerger Buchpräis
ännerenZanter 2006 vergëtt de Verband all Joer de Lëtzebuerger Buchpräis, deen tëscht deene populäersten Titelen aus dem Sortiment vun deene Verlager, déi am Verband Member sinn, vum Public erausgesicht gëtt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Buchpräis.
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Statutenännerung, publizéiert am Mémorial C — N° 1710 vum 13. August 2007, S. 82062 - S. 82063
- ↑ Doris Bintner ist neue Präsidentin der Lëtzebuerger Bicherediteuren, bicherediteuren.lu 24. Abrëll 2014