Waassertuerm zu Klengbetten

De Waassertuerm zu Klengbetten steet um Lieu-dit Bëchel am Nordweste vun der Uertschaft, laanscht de Wee dee vu Klengbetten op d'Arelerstrooss zu Stengefort féiert. Zesumme mam Waassertuerm um Kinneksbierg bei Stengefort versuergt en d'Awunner vun der Gemeng Stengefort mat Drénkwaasser.

De Waassertuerm zu Klengbetten

De Waassertuerm um Bëchel gouf 1953 nieft engem méi ale Waasserbaseng gebaut, deen ze kleng gi war. Den Tuerm vun 1953 ass 23 m héich. De Waasserbehälter, deen 265 m³ Drénkwaasser faasst, gëtt vu 6 Pilieren aus Eisebëtong gedroen. De Waasserspigel am Baseng läit op 370,62 m iwwer dem Mieresspigel.

An den 1990er Joren ass d'Kapazitéit vum Waassertuerm um Bëchel net méi duergaange fir d'Versuergung mat Drénkwaasser an der Gemeng ze garantéieren. D'Gemeng huet dunn de Bau vun engem zweete Waassertuerm decidéiert, deen 2003 um Kinneksbierg bei Stengefort a Betrib geholl gouf.

Bei där Geleeënheet gouf de Waassertuerm um Bëchel bannena renovéiert an um Tuerm goufen Antenne fir de Mobilfunk installéiert.

Beim Waassertuerm huet d'Gemeng eng Raschtplaz amenagéiert an en Informatiounspanneau opstelle gelooss.

Quell änneren

  • Natur, Kultur und Geschichte in der Gemeinde Steinfort. Nature, culture et histore de la Commune de Steinfort. Die Rundwege von Kleinbettingen. Les circuits de Kleinbettingen. Konzept a Realisatioun: Oeko-Bureau Rëmeleng a Syndicat d'initiative vun der Gemeng Stengefort. Broschür erausgi vun der Gemeng Stengefort am Mee 2009. Dréckerei Heintz, Péiteng. PDF