Wéris

Duerf an der Gemeng Durbuy

Wéris (op Wallounesch: Werisse) ass eng Uertschaft a Sektioun vun der belscher Gemeng Durbuy an der Provënz Lëtzebuerg. Bis zu der Fusioun am Joer 1977 mat Durbuy an 10 anere Gemenge war Wéris eng eegestänneg Gemeng. Zu der Sektioun gehéieren nach d'Uertschafte Morville, Pas-Bayard an Oppagne.

Wéris
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Marche-en-Famenne
Koordinaten 50° 19’ 33.40’’ N
      05° 31’ 53.05’’ O
Telefonszon 086
Postcode 6940

Geographie änneren

Wéris läit eng ronn 6 km südëstlech vun der klenger Stad Durbuy, um Nordwesthank vun engem Ausleefer mat Schiferformatiounen, op der Grenz vun den Ardennen an dem Condroz a südëstlech vun der Calestienne. Am Osten op den Héichte läit e grousse Bëschmassiv de Bois de Wéris an deem eng Rei Plaze sinn déi mat Legende verbonne sinn a wou ganze Koup Usammlunge vu Puddingsteng sinn. Op den Häng vun deem Massiv hunn eng knapp Dose Baachen, déi ausser dem Ruisseau de Heyd, dem Ruiseau de Prepaquet an dem Ruiseau de Tour, keen Numm hunn, hir Quellen. Se lafen all an d'Aisne.

Numm änneren

Déi vill Megalithen, Dolmenen a Menhiren an der Géigend vu Wéris weisen op eng Besiidlung vun der Géigend vun 3.700 Joer virun onser Zäitrechnung hin.

Eng Theorie seet den Numm Wéris hätt e kelteschen Ursprong a géif Observatiounsposte bedeiten. De franséische Vokabel guérite wier dervun ofgeleet. Eng aner seet den Numm kéim vu Wedericia villa (Wunneng vum Wederic) hier.