Vugelsmillen

Lieu-dit an der gemeng Bäerdref

D'Vugelsmillen ass e Lieu-dit op der Kräizung vum CR121 mam CR364, tëscht dem Grondhaff an dem Mëllerdall. E läit op enger Héicht vun 187 Meter NG-L an huet den Numm vun enger fréierer Millen op der Schwaarzer Iernz, déi tëscht dem Grondhaff an dem Grondhaffer Schlass louch.

Vugelsmillen
An anere Sproochen fr: Vogelsmühle
de: Vogelsmühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Bäerdref
Buergermeeschter Joé Nilles
Koordinaten 49° 49’ 23.29’’ N
      06° 19’ 35.49’’ O

Geschicht änneren

D'Vugelsmillen gouf fréier "Grondmillen" oder "Berdorfer Millen" genannt. Si gouf fir d'éischt 1528 als Mille vum Klouschter Sankt Irminen vun Oeren ernimmt. 1906 huet de Grof de Villers d'Mille kaf. Si ass zanter den 1930er Joren zerfall an ass an den 1960er Jore komplett verschwonnen.

Haut erkennt e just nach e puer Fëllementer laanscht der Iernz, d'Plaz huet awer bis haut nach den Numm "Vogelsmühle".

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Vugelsmillen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren