Vossloh Cogifer Kihn

lëtzebuergesche Konstruktiounsatelier fir Eisebunnsmaterial
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Vossloh Cogifer Kihn S.A. ass e lëtzebuergesche Konstruktiounsatelier fir Eisebunnsmaterial zu Rëmeleng, deen haaptsächlech Weichen a Kräizungen hierstellt. En ass aus der Associatioun vum Konstruktiounsatelier Kihn mat dem däitsche Constructeur Vossloh ervirgaangen, a gouf 2013 a Vossloh Cogifer Kihn ëmgedeeft.

Vossloh Cogifer Kihn S.A.
De Siège zu Rëmeleng
Typ Aktiegesellschaft
Grënnungsdatum 29.12.1971
1893 Atelier Kihn
Sëtz 17, Rue de l'Usine
L-3754 Rëmeleng
Lëtzebuerg
Leedung Marc Antoine De Dietrich
(President CA)
Mataarbechter 155[1]
Ëmsaz 24.486.924 €[1]
Branche Siderurgie
Produit Eisebunnsmaterial

Geschicht änneren

1893 huet de Jean Kihn-Horger den Atelier gegrënnt[2]. Déi éischt Produkter waren Eisekonstruktiounen a geschmitten Deeler fir d'Minnen a Schmelzen an der Ëmgéigend. Tëscht 1920 an 1930 sinn dem Jean Kihn seng Jongen Nicolas, Ferdinand a Joseph och an der Firma aktiv ginn, den Nicolas an der Produktioun, de Ferdinand an der Verwaltung an de Joseph huet sech ëm déi geschäftlech Affäre gekëmmert. An den 1930er Joren huet d'Entreprise ugefaange sech op all Zorte vun Eisebunnsweichen ze spezialiséieren.

1935 gouf de Grondsteen fir eng Gesellschaft geluecht déi den Numm Ateliers de Constructions J. Kihn krut an déi duerno an de verschiddensten Nimm opgedaucht ass, sou wéi Fabrik für Eisenbahnbedarf J. Kihn oder 1920 Johann Kihn Eisenbahntechnische Werkstätten.

D'Atelieren déi am Zweete Weltkrich staark gelidden haten, goufen 1945/46 nei opgeriicht. Se stoungen hanner den Haiser vis-à-vis vun der Kierch am Eck tëscht der rue de la Fontaine an der rue des Prés, do wou haut eng Parkplaz ass. Et waren zwou Fabrikatiouns- an dräi Montagehalen. Den Architekt war de Willy Leurs.

Vun 1947 un hunn déi dräi Bridder Nicolas, Ferdinand a Joseph Kihn sech nom Doud vun hirem Papp sech eleng ëm d'Direktioun vum Betrib gekëmmert. Ufanks vun den 1970er Joren huet sech nom Doud vum Joseph Kihn an duerch d'Erkrankung vum Nicolas Kihn, deen net méi schaffe konnt, d'Fro vun der Nofolleg gestallt. Dee bal 70 Joer ale Ferdinand Kihn war ouni Nofollger nach eleng an der Firma aktiv.

1972 goufen e puer Firmen aus der Lëtzebuerger Stolbranche Mateegentemer vun der Firma Kihn, dorënner d'Arbed an d'MMRA an aus der oppener Handelsfirma gouf dunn eng Sàrl. An der Folleg koum et zu enger Maarterweiderung an zu enger Moderniséierung vum Betrib.

1976 ass de Betrib aus der Uertschaft eraus op d'Plaz vun der fréierer Schmelz geplënnert an d'Direktioun koum an d'Gebai vun der fréierer Schmelzekantin (gebaut 1929). Domat hat d'Firma och en direkten Uschloss un d'Eisebunnsnetz. Et konnt och en neie Geschäftsberäich opgemaach ginn, de Bau vun Tramsweichen.

Den Atelier Kihn gouf 1978 an déi franséisch Firma SOCADER an 1984 an déi franséisch Firma COGIFER (Compagnie générale d'installations ferroviaires) integréiert. 2002 gouf de Betrib vum däitsche Grupp VOSSLOH iwwerholl, dee Filialen a ville Länner huet.

1991 gouf eng nei Schmëdd ageriicht déi besonnesch fir d'Schmidde vun de Weichentalonge wichteg ass.

Am Laf vun der Zäit goufen e puer Patenter ugemellt, sou 1949 fir Häerzer vu Kräizungen an 1989 fir Monoblockweichen[3].

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Donnéeën op Editus.lu, fir d'lescht gekuckt de 24. Juni 2021
  2. industrie.lu
  3. 100 Joer Ateliers de Construction Kihn