Villa des Roses (Stad Lëtzebuerg)

D'Villa des Roses war en herrschaftlecht Haus um Boulevard Royal an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg.

Historesches änneren

D'Villa gouf Enn vun den 1870er Jore vum belschen Architekt Victor Besme fir den ireschen Ingenieur Thomas Byrne entworf. De Byrne war deemools op Lëtzebuerg komm fir beim Bau vu verschiddene Brécken op der Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen ze hëllefen[1].

Op där Plaz wou sengerzäit d'Villa des Roses stoung, gouf 1983/84 vun den Architekte Pierre Schumacher a Raymond Aspesberro den „Hotel Le Royal“ gebaut.

Gebai änneren

De Bau vun der Villa des Roses huet sengerzäit zum Plang vun der Regierung gehéiert, fir Villae ronderëm den ëffentleche Parken unzeleeën an doduerch laangfristeg Investisseuren u Lëtzebuerg ze bannen.

De Byrne hat 4 Parzellen, zesummen 23 Ar, gesteet fir ronderëm seng Villa e grousse Privatgaart unzeleeën. Den Terrain ass vum Boulevard Royal bis op de Boulevard Prince Henri (Prënzeréng) gaangen. D'Villa war als Miniaturschlass gebaut an den Interieur war eklektesch, also a verschiddene Stiler ageriicht. D'Dependance an d'Wunneng vum Gäertner louchen hannenaus, zur Säit vum Prënzeréng.

D'Villa des Roses ass 1982 ofgerappt ginn.

Literatur änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Evy Friedrich, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? an Ons Stad, Nr. 4/1980 (PDF)