Villa Elisabeth war e Gebai am Gronn an der Stad Lëtzebuerg. D'Villa louch am Berlinerwee, an der Kéier ënner der rue Mathias Hardt, an der Pufferzon vum UNESCO-Weltierwen Festung Stad Lëtzebuerg.

Villa Elisabeth (2014)

Historesches änneren

 
D'Ofrappaarbechten am Februar 2018

Op Grond vum Zweeten Traité vu London (1867) gouf déi preisesch Garnisoun aus der Festung Lëtzebuerg ofgezunn an d'Festung war duerno net méi am Gebrauch. Doropshin hat sech am fréiere Polvermagaséng vum Fort Elisabeth fir d'éischt, vun 1868 bis 1871, eng Gierwerei an duerno d'Pechfabrick Philippe Kontz niddergelooss.

 
De Café-Restaurant an der Villa Elisabeth op enger Postkaart (ëm 1900)

Wéi d'Festung du bis geschleeft war, war e Café-Restaurant a méi spéit den Hotel-Restaurant „Villa Elisabeth“ am fréiere Magaséng. Uganks vum 20. Joerhonnert goufen et an der Villa eng Rei hell a geraimeg Zëmmeren a ronderëm Terrassen, Gäert a Parkanlagen. Zum Service vum Hotel huet eng Keelebunn gehéiert an d'Cliente goufen op d'Gare gefouert. 1912 gouf den Hotel vergréissert.

1924 huet sech déi nei gegrënnt Fabrick vu cheemesche Produkter Geisha an der Villa Elisabeth etabléiert ier et dunn 1932 de Garage Kontz a méi spéit de Garage Albert Schieren war[1].

Bis 2013 war d'Division de l'inspection sanitaire vum Gesondheetsministère an der Villa Elisabeth ënnerbruecht. 2018 hunn Ofrappaarbechten ugefaangen, op där Plaz gëtt e gréissere Wunnkomplex gebaut.[2],[3]

Gebai änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Villa Elisabeth – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart an „Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt“ Säit 185, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4]
  2. Quell: mëndlech Matdeelung vum R. Philippart, 16. Februar 2018.
  3. 21 Wohnungen statt Villa, wort.lu 22.Februar 2018