De Viktor Havlicek gebuer de 16. Juli 1914 zu Wien a gestuerwen den 22. Oktober 1971 zu Düren, war en éisträichesche Foussballspiller an -trainer.[1],[2]

Viktor Havlicek
Gebuer 16. Juli 1914
Wien
Gestuerwen 22. Oktober 1971
Düren
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Famill
Geschwëster Edouard Havlicek

Vun 1935 bis 1936 huet den Havlicek dräimol an der éisträichescher Foussballnationalekipp gespillt.

Hien ass de Brudder vum Edouard Havlicek dee vum 10. Abrëll bis den 8. Juni 1955 déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp als Trainer betreit huet.[3] Hie war och Cheftrainer vun Alemannia Aachen (1947-1948) a vun der belscher Foussballnationalekipp (1958-1960).

Hien hat nach zwéi Bridder an zwar de Gottlieb deen och Foussballist war, ënner anerem beim RC Strasbourg, an de Boxer Hans Havlicek.

Referenzen änneren

  1. De Viktor Havlicek um Site vun Alemania Aachen
  2. De Viktor Havlicek op der Websäit transfermarkt.de
  3. Dem Viktor Havlicek seng Carrière als Trainer vun Nationalekippen op der Websäit vun European Football Cross-checken hunn erginn datt op dëser Säit de Viktor a säi Brudder an een Dëppe gehäit goufen. De Viktor war ni Trainer zu Lëtzebuerg