De Victor Weydert, gebuer den 19. November 1928 a gestuerwen den 9. November 2016 zu Miersch, war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.[1]

De Victor Weydert war Receveur an der Gemeng Fiels vum 1. Januar 1950 bis den 31. Dezember 1975. Hie war Sekretär an der Gemeng Hiefenech vun 1950 bis 1988.[2] Hie war och Sekretär an der Gemeng Miedernach.[3]

De Victor Weydert, deen an der Fiels gewunnt huet, war vum 1. Januar 1976 bis den 31. Dezember 1990 Buergermeeschter a vum 1. Januar 1991 bis den 31. Dezember 1993 Conseiller vun der Gemeng Fiels.[2]

Hie war ënner anerem President vun den Amis du château de Larochette a Grënnungsmember a President vun 1987 bis 2000 vum Syndicat intercommunal pour le maintien à domicile dans les communes d'Ermsdorf, Fischbach, Heffingen, Larochette, Medernach, Nommern et Waldbillig.[2]

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Wort 2016-11-11, S. 40 (Doudesannonce).
  2. 2,0 2,1 2,2 Luxemburger Wort 2016-11-12, S. 93 (avis mortuaires).
  3. Cf. Luxemburger Marienkalender 1986, S. 377.