Buerg Fiels
Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Buerg Fiels, an der Fiels, huet hiren Urspronk am 11. Joerhonnert. Haut ass dës Buerg net méi ganz erhalen. Nëmmen e Brochdeel vun der ganzer Buerganlag konnt restauréiert ginn.
D'Buerg an der Fiels (2021) | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Fiels |
Plaz | Fiels |
Koordinaten | 49°47'7,97"N, 6°13'0,52"O |
Datum vum Bau | 11. Joerhonnert (julianesch) |
Proprietär | Lëtzebuerger Staat |
Den 11. Februar 2022 gouf d'Buerganlag als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Geschicht
ännerenAn den Texter fënnt een d'Häre vun der Fiels eng éischt Kéier um Enn vum 12. Joerhonnert. Um Enn vum 16. Joerhonnert gouf d'Buerg iwwerfall an a Brand gesat, an ass zanterhier eng Ruin. Op e puer Plazen deelt e Gruef d'Buerg an zwee Deeler. De Lëtzebuerger Staat huet d'Buerg am Joer 1979 opkaaft a mat de Renovéierungsaarbechten ugefaangen. Nach haut ginn do archeologesch Ausgruewunge gemaach.
Famillen
ännerenD'Homburger
ännerenDen eelsten Deel vun der Kärbuerg ass d'Homburger Haus, dat ëm 1350 gebaut gouf. Dat léisst sech an Dokumenter nokucken, déi soen, datt déi zwou Schwëstere vum Johann II., d'Irmgard an d'Mathilde, d'Bridder Friederich a Conrad vun Homburg tëscht 1338 an 1345 bestuet hunn. Si sinn duerch déi Bestietnesser zu Matpropriétairë vun der Buerg ginn. D'Haus selwer huet warscheinlech aus zwéi Stäck bestanen, fir all Koppel een.
D'Chriechinger
ännerenD'Chriechinger Haus ass dat eenzegt Haus, dat komplett restauréiert gouf. Et gouf ëm 1385 gebaut. Et besteet aus dräi Stäck an engem Keller. D'Trapenhaus huet fënnef Stäck mat méi klenge Kummeren. Un der ëstlecher Säit ass en hëlzenen Ubau op der Héicht vum éischte Stack.
Am grousse Sall um éischte Stack ass eng kleng Kapp an d'Nordsäit agelooss.
Um Rez-de-Chaussée sinn d'Bäckerei an d'Kiche vun der Buerg gewiescht. Besonnesch interessant um Bakuewen ass, datt den Damp net direkt duerch de vertikale Kamäi verschwënnt: de Kamäi mécht op hallwem Wee no baussen e Knécks a verleeft dann horizontal eraus. Genee iwwer dem horizontalen Deel vum Kamäi war de Schlofeck vum Haushär.
An der Kichen ass ausserdeem e Pëtz vun zwéi Meter Duerchmiesser. Iwwer dëse Pëtz gëtt et iwweregens eng Chriechinger Legend.
Literatur
änneren- Zimmer, John, 2010. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 3: Brandenburg, Dudelange, Koerich, Larochette, Septfontaines, Stolzemburg, Vianden. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-919883-24-0 (cf. Ss. 76-82)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Buerg Fiels – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).