Viaduc vu Luerenzweiler

De Viaduc vu Luerenzweiler ass eng Bréck iwwer den Uelzechtdall bei Luerenzweiler.

De Bau vun der Bréck, déi zum Projet vun der Nordstrooss gehéiert, ass 2001 lass gaangen, a war 2004 fäerdeg.

D'Bréck ass am Ganzen 895 m laang, a besteet aus 40 Felder, mat 14 × 22.25 m, 12 × 22.50 m a 14 × 22.25 m.

Se steet um Pk. 9,96 a féiert tëscht dem Tunnel Grouft an dem Tunnel Gousselerbierg iwwer d'Uelzecht, d'Strooss déi vun Hënsdref op Pretten féiert, an iwwer de Rond-point vum Verdeeler op der N 7.

D'Conceptioun vun der Bréck ass vun TR-Engineering a se gouf vun der CDC an der Firma Pertuy gebaut.

De Viaduc vu Luerenzweiler vun Norde gesinn