Den Tunnel Gousselerbierg ass en Autobunnstunnel op der lëtzebuergescher Autobunn A7 deen d'Verbindung vum Uelzechtdall mat dem Mamerdall mécht.

Tunnel Gousselerbierg Entrée Kapp Luerenzweiler

En huet eng Längt vun 2.695 Meter a seng Entrée um Kapp Luerenzweiler ass um PK 11.03. Et ass een Tunnel mat engem Bockel dran an e geet vun de béide Portaler mat enger maximaler Pente vun 0,5 bis 0,75% erop. Säin héchste Punkt ass um PK 11.917.

Op der Säit vum Uelzechtdall ginn déi zwéi Réier op der selwechter Héicht an de Bierg eran, mä op der Säit vun der Mamer leie se op verschiddenen Niveauen. Am Tunnel selwer sinn zwou Kéieren, déi eng mat engem Radius vun 1.651 Meter an déi aner mat engem vun 1.000. De Säitenhank ass maximal 3,75% an deenen zwéi Réier.

Op der déifster Plaz ass den Tunnel 115 Meter ënner dem Buedem.

Den Tunnel geet praktesch op senger ganzer Längt ënner Bëscher a Felder erduerch.

Am Tunnel gëtt et 8 Säitegallerien déi sou grouss gebaut sinn, fir datt Hëllefstruppen, am Fall wou et néideg ass, mat hire Gefierer era fuere kënnen.

De 24. Januar 2008 ass den Tunnel fir de Verkéier opgemaach ginn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tunnel Gousselerbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien