Vereenegt Departementer
D'Vereenegt Departementer, oder déi Néng vereenegt Departementer, ass d'Bezeechnung vun den Departementer, déi 1795 vun der Conventioun um annektéierte Gebitt vun den Éisträicheschen Nidderlanden, vum Prënzbistum Léck, vun der Prënzabtei Stavelot-Malmédy a vum Herzogtum Bouillon geschafe goufen.
Geschichtleche Kontext
ännerenNodeem d'Fransousen, d'Éisträicher an der Schluecht vu Fleurus de 26. Juni 1794 geklappt haten hu se d'éisträichesch Nidderlanden an d'Fürstentum Léck besat.
Op Basis vum décret relatif aux pays réunis à la République française[1] vum 13. Abrëll 1795, huet d'Convention nationale den 1. Oktober 1795 d'Réunion de la Belgique et du pays de Liège à la France dekretéiert.
Nodeem den Napoleon 1815 zu Waterloo definitiv geschloe gi war, koumen déi Departementer bei d'Kinnekräich vun de Vereenegten Nidderlanden fir 1830/39 bei der belscher Onofhängkeet, mat Ausnam vun haitege Lëtzebuerg, dat neit belscht Kinnekräich ze bilden.
Lëscht vun den Departementer
änneren- Lys mat als Haaptuert: Bruges - haut Provënz Westflandern
- Escaut mat als Haaptuert: Gent - haut Provënz Ostflandern
- Deux-Nèthes mat als Haaptuert: Antwerpen - haut Provënz Antwerpen
- Dyle mat als Haaptuert: Bréissel - fréier Provënz Brabant
- Meuse Inférieure mat als Haaptuert: Maastricht - duerno Provënz Limburg an no 1830 a belschen an hollännesche Limburg opgedeelt.
- Ourthe mat als Haaptuert: Léck - haut Provënz Léck
- Jemmapes mat als Haaptuert: Mons - haut Provënz Hainaut
- Sambre-et-Meuse mat als Haaptuert: Namouer - haut Provënz Namouer
- Forêts mat als Haaptuert: Lëtzebuerg - haut Provënz Lëtzebuerg a Groussherzogtum Lëtzebuerg
Kuckt och
ännerenBibliographie
änneren- Dubois, Sébastien, La Révolution géographique en Belgique. Départementalisation, administration et représentations du territoire, de la fin du XVIIIe au début du XIXe siècle, Bruxelles, Académie royale de Belgique, 2008.
Referenzen
änneren- ↑ Jean Baptiste Duvergier, Collection complète des lois, décrets, ordonnances, réglements et avis du Conseil d'Etat, tome cinquième, 1825