D'Jeunesse Kiischpelt a.s.b.l. ass een Zesummeschloss vun de Jugendlechen aus der Gemeng Kiischpelt.

Logo Jeunesse Kiischpelt

All Jugendlechen, dee 15 Joer oder méi al ass, kann dem Club bäitrieden a maximal bis zu sengem Bestietnes Member bleiwen. D'Beach Days am Kiischpelt sinn dat gréisst Evenement vum Veräin a sinn all éischte Weekend am August.

Geschicht änneren

D'Jeunesse Kiischpelt organiséiert zanter 1992 Evenementer, Ausflich a Vakanze fir seng Membere resp. fir d'Leit aus der Gemeng an aus ganz Lëtzebuerg.

Zanter 2011 ass d'Jeunesse Kiischpelt eng Association sans but lucratif mat Sëtz am Veräinssall zu Äischer.

Comité (Februar 2018) änneren

  • President: Franz Arend
  • Vizepresident: Gilles Schmitz
  • Sekretär: Sandra Kovacevic
  • Keessjee: Christian Lutgen
  • Member: Mona Nicolas
  • Member: Jan Boumans
  • Member: Dave Junker
  • Member: Davor Kovacevic
  • Member: Tom Lucas

Um Spaweck änneren

Offiziell Websäit vun der Jeunesse Kiischpelt a.s.b.l.