Aquarium Discus Déifferdeng


Den Aquariumsveräin Discus gouf den 10. August 1962 zu Déifferdeng gegrënnt.

Aquarium Discus Déifferdeng
Grënnungsdatum 10. August 1962
Sëtz Déifferdeng
President Romain Wolff
Generalsekretär Jeannot Martin
Tresorier Romain Wolff
Websäit http://www.discus.lu

De 26. Mee 2014 gouf de Club op Aquarium discus Déifferdeng asbl ëmgennant.

Virstellung änneren

De Club bitt senge Membere Fësch, Planzen, Accessoiren a Fudder un. Ausserdeem kënnen d'Memberen do mat kompetente Rotschléi an Informatioune vun den aktive Membere rechnen.

Aktivitéiten änneren

  • Hëllef bei privaten Aquarien
  • Entretien vu verschiddenen ëffentlechen Aquarien zu Lëtzebuerg
  • Ausflich
  • Visite-guidéeë fir Schoulklassen
  • Porte-ouvertë mat Zeecheconcoursë fir Kanner
  • All Joer e Stand um Déifferdenger Hobbymuart

Geschicht änneren

De Club gouf den 10. August 1962 zu Déifferdeng gegrënnt. De Pierrot Duschinger war den éischte President an ass et fir 10 Joer bliwwen. Am Ufank huet de Club sech op de Verkaf vun deemools moderner Technik (Heizungen, Filteren, etc.), Fësch, Planzen a Fudder spezialiséiert. De Club hat séier Handelsbezéiunge mat auslänneschen Aquaristikfirmen. Déi éischt Memberen hunn ugefaange fir de Veräin Fësch ze zillen.

Ufanks vun den 1970er Joren hat de Club du sou e gudde Ruff zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun, datt en e wichtege Fournisseur fir bekannt Aquaristikfirmen, wéi SERA, TETRA an EHEIM am ganze Benelux-Raum hätt kënne ginn, mä well den Aquariumsclub no senge Statuten eng A.s.b.l. ass, konnt en déi Roll net akzeptéieren.

1994, ënner der Presidentschaft vum René Kauffmann, hat de Club eng Rekordzuel vun 350 Memberen an e Gewënn vun ëmgerechent zirka 40.000 € opweises.

Am Juli 2003 gouf d'Veräinsgebai fir eng Renovatioun zougemaach. Dank dem onermiddlechen Asaz vum President Marc Belardi, huet den Aquariumsclub DISCUS erëm am selwechten, mä moderniséierte Sall de 24. September 2005 um 15:30 no der Aweiung duerch de Buergermeeschter Claude Meisch an dem Gemengerot nees seng Dieren opgemaach.

Zenter 2015 gëtt de Club erfollegräich a motivéiert vun de Memberen ëm de President Romain Wolff gefouert.

Comité änneren

  • Romain Wolff - President
  • Jean Claude Volz - Vizepresident
  • Jeannot Martin- Sekretär
  • Romain Wolff - Tresorier
  • Theo Colling - Conseiller technique
  • Romain Wolff - Webmaster
  • Christian Faber - aktive Member

Um Spaweck änneren