De Cliärrwer Kanton (Veräin)
De Cliärrwer Kanton bis 2016 De Cliärrwer Kanton - Veräin fir d'kulturellt Liäwwen ass e kulturelle Veräin ouni Gewënnzweck, deen 1979 gegrënnt gouf[1],[2]. De Sëtz ass zu Ëlwen am Schuddenhaus.
De Cliärrwer Kanton | |
---|---|
Ofkierzung | DCK |
Zweck | Veräin ouni Gewënnzweck |
Grënnungsdatum | 1979 |
Sëtz | Ëlwen/Kanton Klierf |
President | André Bauler |
Websäit | www.dck.lu |
De Veräi gëtt zanter 1979 d'kulturell Zäitschrëft De Cliärrwer Kanton eraus a war vun 2000 bis 2022 de Bedreiwer vun der Tony-Bourg-Bibliothéik zu Ëlwen, déi nom Grënnungsmember Tony Bourg (1912-1991) genannt gouf.
Presidenten
änneren- 1979-1985: René Maertz
- 1985-2015: Léon Braconnier
- zanter 2015: André Bauler