VV Cephei

Duebelstäresystem am Stärebild Cepheus

Den VV Cephei ass een Duebelstäresystem, dat am Cepheus steet.

E besteet aus engem Roude Ris, deen d'Roche-Grenz iwwerschreit, wann hie sengem Partner - e bloen Zwerg - am nooste kënnt. Da fléisst Material vun him zu sengem bloen Partner. De bloen Zwerg schéngt zur Haaptrei ze gehéieren. D'Stäre sinn zirka 3.000 Liichtjoer vun der Äerd ewech.

Den Nummdeel „VV“ geet op d'Benennung vu verännerleche Stären zeréck. Si seet, datt VV Cephei dee 40. verännerleche Stär ass, deen am Stärebild Cepheus entdeckt gouf.

VV Cephei A änneren

 
Gréisstevergläich tëscht eiser Sonn (de klenge Punkt lénks) an der Sonn VV Cephei A.

De Superris VV Cephei A fënnt een op der Lëscht vun de gréisste Stären. Hie gehéiert zu der Spektralklass M2 an huet ongeféier den 1.600 - 1.900-fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn. Wann hien op der Plaz vun eiser Sonn wier, da géif seng Uewerfläch nach iwwer d'Saturnëmlafbunn goen.

Seng Hellegkeet ass zirka dat 275000- bis 575000-facht vun eiser Sonn. D'Mass vum Stär ass onbekannt. Vun der Beweegung op sengem Orbit schléisst een op ronn 100 Sonnemassen. Anerersäits ergëtt eng Rechnung déi sech op seng Hellegkeet stäipt, tëscht 25 a 40 Sonnemassen un. De Claytonmodell vun der Astronomie leet no, datt keng Stäre mat enger Mass gréisser wéi 100 Sonnemassen existéiere kënnen, well si soss wéinst dem Gravitatiounsdrock zu engem schwaarze Lach kollabéiere géifen.

VV Cephei B änneren

VV Cephei B, e bloe Stär aus der Haaptrei, ass 16 bis 25 AE vum grousse Stär ewech. Et ass e B0-Stär mat dem zéngfache Sonnenduerchmiesser an der 100.000facher Sonnenhellegkeet. Een Ëmlaf vum System brauch 7.430 Deeg (20,3 Joer). Seng Eclipse dauert ronn 1.300 Deeg.

Kuckt och änneren

Quellen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: VV Cephei – Biller, Videoen oder Audiodateien