Vëlosummer

Manifestatioun uechter Lëtzebuerg fir d'Land an d'Vëlofueren z'entdecken

De Vëlosummer ass eng Manifestatioun uechter d'Land, déi zanter 2020 vum Mobilitéitsministère an Zesummenaarbecht mat der Generaldirektioun fir Tourismus vum Wirtschaftsministère am Summer organiséiert gëtt. Et geet drëm fir d'Lëtzebuerger Land an d'Vëlofueren z'entdecken an awer och fir den Tourismus ze fërderen.

Den CR105 tëscht Habscht a Simmer, deen de Weekend vu Léiffrawëschdag 2022 fir d'Cycliste reservéiert war.
Weeweiser fir d'Cyclo-Tier vum Vëlosummer

Geschicht änneren

2020 änneren

Déi éischt Editioun gouf 2020 an d'Liewe geruff, nodeems d'Vëlofuere besonnesch zanter dem Ufank vun der Covid-19-Kris vu ville Leit nei entdeckt gouf. De Staat wollt doropshin en Akzent setze fir de Cyclissem z'ënnerstëtzen an ze stäerken[1]. Et goufe sechs Strecke vum staatleche Stroossereseau erausgesicht, op deenen am August 2020 just Cyclisten, Awunner an RGTR-Busse fuere konnten. Ënner anerem ware follgend Strecke betraff[2]:

2021 änneren

Bei der zweeter Editioun hu ronn 20.000 Vëlosfuerer matgemaach[3].

2022 änneren

Fir d'2022er Editioun déi vum 30. Juli bis den 28. August gaangen ass, waren um Territoire vu 56 Gemengen am Ganzen 11 cyclotouristesch Tier mat enger Streck vun iwwer 450 Kilometer a mat verschiddene Schwieregkeetsgraden erausgesicht ginn[4]. Mam Programm „Move we carry“ konnten d'Cyclisten bei méi laangen Tier hiert Gepäck vun enger Etapp op déi aner transportéiere loossen[3].

Déi 11 Strecke waren:

Um Spaweck änneren

Commons: Vëlosummer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. François Bausch et Lex Delles présentent le "Vëlosummer 2020". pch.gouvernement.lu (06.05.2020). Gekuckt de(n) 31.07.2022.
  2. François Bausch et Lex Delles présentent le "Vëlosummer 2020". pch.gouvernement.lu (06.05.2020). Gekuckt de(n) 01.08.2022.
  3. 3,0 3,1 Lancement du "Vëlosummer 2022". gouvernement.lu (29.07.2022). Gekuckt de(n) 01.08.2022.
  4. Vëlosummer 2022 – Conférence de presse du 4 juillet 2022. gouvernement.lu (04.07.2022). Gekuckt de(n) 01.08.2022.