Vëlospist PC11
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Vëlospist PC11, och nach Pist Charly Gaul, offiziell Itinéraire cyclable Charly Gaul, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1]. Se ass nom lëtzebuergesche Vëlossportler Charly Gaul (1932-2005) genannt.
![]() D'PC11 bei Haassel, a Richtung Süden | |
offiziellen Numm | Itinéraire cyclable Charly Gaul |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Pist Charly Gaul |
vu(n) | Fenteng |
op | Ellenger Gare |
Längt | 14,6 km |
déifste Punkt | Elleng |
héchste Punkt | Duelem |
Land | Lëtzebuerg |
StreckÄnneren
Wa se bis fäerdeg ass, féiert d'PC11 iwwer 14,6 km vu Fenteng op d'Ellenger Gare. Den déifste Punkt (223,67 m) ass zu Elleng an den héchsten (336,56 m) zu Duelem (Stengener Bësch)[2]. Se féiert da laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Fenteng, Réiser, Weiler zum Tuer, Fëlschdref an Ellenger Gare.
Aktuell sinn awer eréischt 8,65 km realiséiert.
Uschlëss un aner PistenÄnneren
D'Pist Charly Gaul huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:
- PC 7 (Janglispist) op der Ellenger Gare.
BemierkungenÄnneren
De Verlaf vun dëser Vëlosstreck gëtt zur Zäit nach ënnersicht. Just den Deel tëscht Haassel an der Ellenger Gare (8,65 km) ass ze befueren, en ass awer net gezeechent[3].
BillerÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Vëlospist PC11 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an NottenÄnneren
- ↑ Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
- ↑ Et gëtt Differenzen tëscht den Donnéeën op der Websäit vu Ponts et chaussées an deenen op Geoportail.lu. Déi lescht ernimmt sinn déi, déi hei ugi sinn
- ↑ Stand: Juni 2019, no den Informatiounen op der Websäit vu Ponts et chaussées (kuckt Um Spaweck)