D'Ulf ass eng besser Baach an de belschen Ardennen an der Provënz Lëtzebuerg an an der Provënz Léck.

Ulf
An anere Sproochen fr: Ulf
de: Ulf
Längt 17,8 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Quell
Plaz Deiffelt
Héicht 490 m
Konfluenz
Leeft an Our
Plaz Weweler
Héicht 350 m
Haaptnieweflëss Mühlbach
Huscheiderbach
Hollersbach
Geographie
Land Belsch
Regioun Ardennen

Si entspréngt op enger Héicht vu ronn 490 Meter nordëstlech vun Deiffelt a mécht no ronn 250 Meter um Territoire vun der Gemeng Gouvy, op enger Längt vun ongeféier 800 m d'Grenz tëscht den zwou Provënzen éier se dann an der Gemeng Buerg-Reuland weiderleeft. Se leeft dann am Norde laanscht Espeler fir kuerz duerno no Südosten an Direktioun Oudler ofzebéien. Soubal se laanscht Oudler ass gëtt hiren Dall méi schmuel a féiert duerch d'Sektioun Reuland, fir op enger Héicht vun 350 m bei Weweler an d'Our ze lafen.

Gréisser Niewebaache sinn de Mühlbach, den Huscheiderbach an den Hollersbach.