De Mühlbach ass eng kleng belsch Baach an der Provënz Léck, déi haaptsächlech um Territoire vun der Gemeng Burg-Reuland leeft.

De Mühlbach zu Dürler.

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun e puer klenge Baachen op enger Héicht vu ronn 500 Meter op der Gewan vu Lengeler. Vun do aus leeft s'an engem zimmlech schmuelen Dall, déi ganzen Zäit no Osten, riets laanscht d'Uertschaft Dürler, fir no ongeféier 3.600 Meter kuerz virun Oudler, op enger Héicht vu 430 Meter, an d'Ulf ze lafen.