D'Uchinoura Space Center („Weltraumobservatoire Uchinoura“) ass eng 1962 gegrënnt Weltraumgare no bei der japanescher Stad Uchinoura an der Prefektur Kagoshima. Bis virun der Grënnung vun der JAXA am Joer 2003 huet d'Weltraumgare Kagoshima Space Center geheescht a gouf vum Institute of Space and Astronautical Science (ISAS) bedriwwen.

M-V Rakéit am Uchinoura Space Center (Februar 2000)

All wëssenschaftlech japanesch Satellitte gi vum Uchinoura Space Center aus gestart.

Fir d'Kommunikatioun mat interplanetare Raumsonde stinn do Antenne mat Spigelduerchmiessere mat bis zu iwwer 30 m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie