Ōsumi
Ōsumi (oder Ohsumi, jap.: おおすみ) ass den Numm vum éischte japanesche Satellit. Den Osumi gouf den 11. Februar 1970 mat enger Lambda 4-Rakéit vum Kagoshima Space Center gestart. Den Ōsumi-Satellit hat e Gewiicht vun 12 kg. D'Bunnschréi war 31 Grad, de Perigeum hat 350 km an den Apogeum 5140 km. Nëmme wéineg Stonnen nom Start huet de Satellit opgehale mat senden.
Ōsumi | |
---|---|
Typ | Testsatellit |
Land | Japan |
Agentur | ISAS |
COSPAR-Bezeechnung | 1970-011A |
Apogeum | 5140 km |
Perigeum | 350 km |
Bunnschréi | 31° |
Mass | 12 kg |
Bunn-Ëmlafzäit | 145 min[1] |
Exzentrizitéit | |
Start | 11. Februar 1970, 04:25 UTC |
Startplaz | Kagoshima |
Drorakéit | Lambda 4S-5 |
Status | vergloust den 2. August 2003 |
Mat dësem Start gouf Japan déi véiert Natioun, déi e Satellit mat enger eegener Drorakéit an de Weltraum geschéckt hat.