Tanegashima Space Center

Den Tanegashima Space Center (Tanegashima Uchū Sentā, dacks als TNSC ofgekierzt) ass eng japanesch Weltraumgare zu Minamitane op der Insel Tanegashima. Mat enger Fläch vu 9,7 Quadratkilometer ass den TNSC déi gréisst japanesch Weltraumgare.

Start vun enger H-IIA mat Kaguya vum Launch Pad 1 (Launch Complex Yoshinobu)

Hei gi virun allem Wieder-, Kommunikatiouns-, Äerdobservatiouns- a Radiosatellitte gestart.

Geschicht änneren

D'Rakéitestartplaz gouf 1969 bei der Grënnung vun der National Space Development Agency (kuerz NASDA) opgeriicht. Zanter der Fusioun vun der NASDA mam Institute of Space and Astronautical Science (ISAS) an dem National Aerospace Laboratory of Japan (NAL) zu der neier japanescher Raumfaartagentur Japan Aerospace Exploration Agency (JAXA) ass den TNSC am Besëtz vun der JAXA. Zanter 1975 gi vum TNSC och orbital Missioune gestart.

Rakéitestartplaze an hir Benotzung änneren

D'Weltraumgare léisst sech an zwéi Beräicher ënnerdeelen, déi nërdlech Osaki Range an déi südlech Takesaki Range.

Osaki Range

D'Osaki Range huet zwou Startplazen, déi eng dovun ass de Launch Complex Yoshinobu (ofgekierzt Launch Area Y, LA-Y). Si gouf 1993 fir den H-II-Programm gebaut a bestoung am Ufank nëmmen aus dem Launch Pad 1. Am Joer 2000 gouf e weidere Launch Pad gebaut, dee bis elo awer nach ni zum Asaz koum. Vum LA-Y ginn H-II, H-IIA an H-IIB Rakéite gestart. Den éischte Start war den 3. Februar 1994.
Déi zweet Startplaz vun der Osaki Range ass de Launch Complex Osaki (ofgekierzt Launch Area N, LA-N). Den LA-N gouf vu Rakéite vum Typ J-I, N-I an N-II benotzt. Den éischte Start vun der LA-N war den 9. September 1975.

Takesaki Range

Déi südlech Takesaki Range besteet ënner anerem aus dem Launch Area Q an dem Launch Complex Takesaki (ofgekierzt Launch Area T, LA-T). Vun der LA-Q si bis elo nëmmen zwou Rakéite vum Typ Mu gestart, déi éischt den 2. September 1974, déi zweet de 5. Februar 1975. Den LA-T gëtt fir d'Starte vun der Lambda, MT-135, S a fir TR-1 benotzt. Vun hei ginn zanter 1967 Rakéite gestart.

Weideres um Areal änneren

Fir d'Montage vun den H-II-Rakéite huet den TNSC e Vehicle Assembly Building (kuerz VAB), änlech dem Vehicle Assembly Building vum Kennedy Space Center. Hien ass 81 Meter héich an dat gréisst Gebai um TNSC. No engem Ëmbau passe mëttlerweil zwou H-IIA-Rakéiten fir d'Montage gläichzäiteg an de VAB. Fir den Zesummebau vun enger H-II dauert et dräi Méint, an déi vun der H-IIA ee Mount.[1]

De Kontrollzentrum fir de Fluch vun der H-II vum TNSC läit aus Sécherheetsgrënn 10 Meter ënner der Äerd a 500 Meter vun der Rakéitestartplaz ewech.[1]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Tanegashima Space Center – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Japans Kampf um den Weltraum. Reportage, Reihe: Moderne Wunder, ausgestraalt de 27. November 2009 20:05 – 21:00 op n-tv, Originaltitel: Man Made Marvels: HII-A Space Rocket