Sculptor-Galaxis

(Virugeleet vu(n) UGCA 13)

D'Sculptor-Galaxis oder Sëlwerdollar-Galaxis (och NGC 253 genannt) ass eng hell Spiralgalaxis vum Hubble-Typ Sc am Stärebild Sculptor. Den NGC 253 huet eng Wénkelausdeenung vun 26,4' × 6,0' an eng visuell Magnitude vu +7,2 mag an ass domat nom Centaurus A an dem Messier 81 déi drëtthellste Galaxis baussent der Lokaler Grupp. D'Galaxis gouf vun der Caroline Herschel am Joer 1783 entdeckt.

D'Spiralgalaxis NGC 253: d'Sculptor-Galaxis

D'Sculptor-Galaxis ass den hellste Member vun der Sculptor-Galaxiëgrupp, zu där och d'Galaxien NGC 55, NGC 247, NGC 300 an NGC 7793 gehéieren, an déi en Ofstand vu ronn 10 Millioune Liichtjoer hunn.

Koordinaten (Equinoxe: J2000.0)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: NGC 253 – Biller, Videoen oder Audiodateien