D'Sphinx (gr Σφίγξ "Wiergerin") oder Phix (gr Φίξ) an der griichescher Mythologie ass d'Duechter vun den Ongeheier Typhon an Echidna a sou d'Schwëster vun der Hydra, der Chimära, dem Kerberos an dem Orthos. D'Sphinx gëllt als Dämon vun der Zerstéierung a vum Onheel.

Eng Sphinx, ëm 570 v. Chr.,
Archeologesche Musée vun Athen

Mythos änneren

D'Sphinx wunnt um Bierg Sphingion westlech vun Theben op a gëtt de Reesend, déi laanscht kommen, e Rätsel mat op de Wee. Déijéineg, déi d'Rätsel vun der Sphinx net léise konnten, goufe vun hir erwiergt an da gefriess. D'Rätsel war: "Wat huet eng Stëmm a geet moies op véier Féiss, mëttes op zwéin an owes op dräi?"[1]

Den Ödipus léist d'Rätsel, an äntwert: "De Mënsch". Als klengt Kand krabbelt hien op alle Véier, als Erwuessene geet en op zwee Been an am Alter brauch hien en drëtt Been, e Bengel. Wéi den Ödipus déi richteg Äntwert ginn huet, stierzt sech d'Sphinx vun hirem Fiels erof a stierft. Theben gouf doropshi befreit, awer dat tragescht Schicksal vum Ödipus huet säi Laf geholl.

Duerstellung änneren

D'Sphinx gouf bei de Griichen als e Léiw mat Flilleken a mam Kapp vun enger Fra, munnechmol och als Fra mat den Tatzen an der Broscht vun enger Léiwin, engem Schlaangeschwanz a Vulleflilleken duergestallt.

Um Spaweck änneren

Commons: Skulpturen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Naxos-Sphinx – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Op Griichesch: τί ἐστιν ὃ μίαν ἔχον φωνὴν τετράπουν καὶ δίπουν καὶ τρίπουν γίνεται
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.