Den Tycho ass e Krater um Äerdmound, dee vum Giovanni Riccioli nom däneschen Astronom Tycho Brahe genannt gouf. Et ass ee vun de bedeitendste Moundkrateren.

Tycho
Foto vum Tycho-Krater (LROC-WAC)
Koordinaten 43°18'0"S, 11°13'12"W
Duerchmiesser 85 km
Déift 4800 m[1]
Selenographesch Längt 12° bei Sonnenopgank
Genannt no Tycho Brahe
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ26

Lag an Eegenschaften änneren

 
Positioun vum Tycho
 
Krater Tycho mat sengem Stralesystem bei héijem Sonnestand
 
De Krater Tycho mat sengem Stralesystem

Den Tycho ass en opfällege Krater an de südlechen Héichfläche vun der äerdzougedréiter Moundsäit. Hie läit mat sengem Zentrum bei 43,3° südlecher selenographescher Breet an 11,2° westlecher Längt, an der Géigend vum Mare Nubium. Säin Duerchmiesser ass 85 Kilometer. Seng Déift ass am Verglach mat anere Moundkrater bemierkenswäert ausgeprägt a méisst vun de Ramplishéichten 4850 Meter. De banneschten Hank vum Rampli ass terrasséiert an huet eng Schréi vu 34 Grad. De baussenzegen Hank ass 26 Grad schréi. An den Häng an um Kraterbuedem weise sech verstengert Lavaflëss. Vum Kraterbuedem hieft sech en zentraalt Biergmassiv, ee sougenannte Zentralbierg, bis an eng Héicht vu mindestens 1600 Meter; hien huet e vulkanesche Kegel a Kamäiner.

Den Tycho huet e ganz helle Banneberäich an ass doriwwer eraus den Zentrum vum hellsten an ausgedeentste Stralesystem um Mound, dat e groussen Deel vun der viischter Moundsäit iwwerzitt an hie wuel zum bekanntste Stralekrater mécht. An engem vun de Strale vum Tycho war d'Landeplaz vun Apollo 17. Unhand vun de Moundprouwen déi matbruecht goufen, vu polveregem an haaptsächlech glaspärelaartegem Material gouf den Alter op ronn 100 Millioune Joer bestëmmt a säin Entstoen op den Ausworf vun engem groussen explosiounsaartegen Aschlag op der Plaz vum Tycho zeréckgefouert.

Um Nordrand vum Krater war d'Surveyor 7 gelant. Am Zesummenhank mam Tycho gëtt et eng Rei vu Berichter iwwer den TLPs.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 39,94° S, 12,13° W7 29 km [1]
B 43,99° S, 14,04° W7 14 km [2]
C 44,17° S, 13,62° W7 7 km [3]
D 45,57° S, 14,18° W7 26 km [4]
E 42,33° S, 13,72° W7 13 km [5]
F 40,92° S, 13,25° W7 17 km [6]
H 45,29° S, 16,05° W7 8 km [7]
J 42,59° S, 15,54° W7 11 km [8]
K 45,18° S, 14,51° W7 6 km [9]
P 45,42° S, 13,16° W7 8 km [10]
Q 42,51° S, 16,11° W7 20 km [11]
R 41,88° S, 13,8° W7 6 km [12]
S 43,48° S, 16,42° W7 3 km [13]
T 41,19° S, 12,68° W7 13 km [14]
U 41,05° S, 13,93° W7 16 km [15]
V 41,72° S, 15,53° W7 4 km [16]
W 43,28° S, 15,5° W7 20 km [17]
X 43,85° S, 15,36° W7 12 km [18]
Y 44,09° S, 15,98° W7 18 km [19]
Z 43,23° S, 16,44° W7 23 km [20]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Tycho – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.