Lunar transient phenomenon

Als Lunar transient phenomenon (LTP, och Transient lunar phenomenon, TLP; transient Moundphenomeen) gëtt eng kuerzzäiteg, lokal Hellegkeets- oder Faarfverännerung op der Äerdmounduewerfläch bezeechent, déi bei astronomeschen Observatioune gesi gouf.

Verdeelung vun den LTPs (LIPs als roudelzegen Donst, aner giel)

Et goufe méi wéi 1.500 sou Observatioune gemellt. En ettlech sinn awer diskutéierbar, well si virun allem vun ongeübten Observateuren ënner extreeme Bedingunge gemaach goufen – e puer Observatioune goufen awer och vun erfuerenen Astronome gemaach. Sou huet z. B. de sowjeteschen Astronom Nikolai Kosyrew 1958 als éischten eng spektral Foto vu sou engem Phenomeen am Krater Alphonsus gemaach. An deem LTP-Spektrum mengt hien, Kuelestoff a molekularer Verbindung erkannt ze hunn.

D'Ursaach vun den LTP ass bis haut net bekannt. Et gëtt awer gemengt, datt e Reschtvulkanismus vum Mound dofir verantwortlech ass. Obschonn de Mound als erkaalt ugesi gëtt a keng Unzeeche vun aktivem Vulkanismus weist, kéinten nach kleng Beräicher existéieren, aus deene vulkanesch Gasen un d'Uewerfläch kommen an duerch Verwierbelung vum Regolith eng Verännerung vun der Albedo bewierken. Fir déi Méiglechkeet schwätzt och, datt d'LTP-Observatioune staark op wéineg Moundkratere konzentréiert sinn: Bal en Drëttel vun den Observatioune goufen iwwer dem Aristarchus gemaach; donieft sinn anscheinend och Plato an Alphonsus aktiv.

D'Ënnersich vun deem Phenomeen gi vun der Association of Lunar & Planetary Observers am Department of Planetary Sciences op der University of Arizona zu Tucson koordinéiert.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie