De Mare Nubium (lat: fir „Wollekemier“) ass eent vun de 7 gréisste Moundmierer. Et ass een aalt Mier, deem säin Déifland mat erstarrtem Magma resp. Lava bedeckt ass. Et läit am Südwest-Quadrant vun der visueller viischter Moundsäit an ass scho mat bloussem A däitlech als donkele gefränjeslte Fleck ze gesinn.

De Mare Nubium
D'Stralesystem vum Krater Tycho (ënnen) iwwerzitt d'Mare Nubium (uewen) mat helle Sträifen. Am Géigesaz zum Vollmound (grousst Bild) sinn d'Strukturen duerch de flaache Sonnestand méi plastesch, virun allem d'Kratere Bullialdus (halleflénks) a Gassendi (lénks), an der Schiedgrenz

Seng liicht gewellt Fläch ass bal kreesfërmeg an huet e mëttleren Duerchmiesser vu 715 km – also bal e Fënneftel vum Moundduerchmiesser.

D'selenographesch Koordinate vum Zentrum sinn 21° 18' Süd, 16° 36' West.

Fir geologesch intresséiert Amateurastronomen ass déi Moundlandschaft e besonnesche Genoss, well verschidde Linnestrukturen an terrassenaerteg Terrainsniveaue vun der aler Lavadecken an déi zerklüfte Kraterränner interessant Schieter werfen an doduerch och speziell Héichtemiessungen zouloossen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren