Triesnecker (Moundkrater)

Den Triesnecker ass e 25 km groussen, ganz déiwe Moundkrater am Sinus Medii, enger bal kraterfräier Basaltfläch an der Mëtt vun der viischter Moundsäit.

Moundkrater Triesnecker
De Moundkrater Triesnecker an Ëmgéigend (LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet 4,15° N
Längt 3,58° O
Duerchmiesser 25,43 km
Déift 2,8 km
Selenographesch Längt 356° bei Sonnenopgank
Genannt nom F.d.P. Triesnecker
(1745–1817)
Genannt am Joer 1935
De Krater Triesnecker (Foto: Lunar Orbiter 4)

De Krater gouf nom éisträichesche Jesuitt an Astronom Franz de Paula Triesnecker (1745–1817) genannt.

Den Triesnecker huet e schaarfe, reegelméissege Kraterrand an ass bal guer net erodéiert. Bei sengem Ostrand lafen d'Rimae Triesnecker, e System vu Rillen an nërdlecher Richtung..

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
D 3,47° N, 5,92° O7 6 km [1]
E 5,54° N, 2,47° O7 5 km [2]
F 4,09° N, 4,8° O7 3 km [3]
G 3,64° N, 5,17° O7 4 km [4]
H 3,33° N, 2,68° O7 3 km [5]
J 3,25° N, 2,43° O7 3 km [6]

Literatur änneren

  • Antonín Rükl: Mond, Mars, Venus. Taschenatlas der erdnächsten Himmelskörper. Artaria-Verlag, Prag 1977, S. 140/141.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren