De Lunar Orbiter 4 war déi véiert vu fënnef Moundsonde vum Lunar-Orbiter-Programm vun der US-amerikanescher Weltraumorganisatioun NASA. Mat dem Lunar-Orbiter-Programm sollt den Äerdmound fotografesch erfaasst a kartographéiert ginn, fir sou Landeplaze fir d'Moundsonde vum Surveyor-Programm a fir déi bemannt Moundlandung ze fannen.

Lunar Orbiter 4
De Lunar Orbiter 4
Typ Moundsond
Land USA
Missiounszil Virbereedung fir bemannt Moundlandungen
Agentur NASA
Start 4. Mee 1967, 22:25 UTC
Startmass 385,6 kg
Startplaz Cape Canaveral LC-13
Drorakéit Atlas-Agena D
Enn vun der Missioun 6. Oktober 1967

Missiounsverlaf änneren

Déi dräi éischt Lunar-Orbiter-Missioune waren erfollegräich ofgeschloss an hate vill Biller fir d'Virbereedung vum Apollo-Programm gemaach. Aus deem Grond gouf fir déi véiert Missioun eng aner Ëmlafbunn mat méi enger grousser Bunnhéicht (2706 bis 6111 km) a méi enger grousser Bunnschréi (85,5°) ausgewielt.

Mam Fotograféiere vun der Mounduewerfläch gouf den 11. Mee 1967 ugefaangen a gouf de 26. Mee opgehalen, nodeem fir d'éischt Problemer mat der Lënsenofdeckung a spéider mat dem Transportmechanissem vun der Kamera opgetruede waren. Bis zum 1. Juni goufen 127 Biller vu mëttlerer Opléisung a 419 Biller mat héijer Opléisung op d'Äerd gefunkt. Domat war déi viischt Säit vum Äerdmound zu 99 % mat Biller tëscht 58 an 134 Meter Opléisung erfaasst.

Uschléissend gouf d'Ëmlafbunn méi kleng gemaach, fir aus den Onreegelméissegkeete vun der Bunn op Mascons schléissen ze kënnen. Déi Erkenntnesser goufe fir déi lescht Missioun Lunar Orbiter 5 gebraucht. De Lunar Orbiter 4 war de 6. Oktober 1967 op d'Mounduewerfläch gestierzt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Lunar Orbiter Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien