D'Period vun der Kräid ass déi jéngst Period aus dem Äerdmëttelalter. Si huet virun ongeféier 145 Millioune Joer ugefaangen a bis viru 65 Millioune Joer gedauert.

Si steet am Zäitalter nom Jura a virum Paleogen a gëtt an zwou Epochen agedeelt: der Ieweschter Kräidepoch an der Ënneschter.

Si ass den Iwwergang vum Äerdmëttelalter an der Äerdneizäit, bei der dräi Véirels vun all de Liewewiese verschwonne sinn. D'Grenz ass duerch d'Tounschicht definéiert, déi déi kallekräich Sedimenter vun der Kräid-Period vun deene vun der nofollgender Epoch trennt.

Iewescht Kräidepoch änneren

Dës Epoch huet vu virun ongeféier 99,6 bis virun 65,0 Millioune Joer gedauert.

Ënnescht Kräidepoch änneren

Dës Epoch huet vu virun ongeféier 145,0 bis virun 99,6 Millioune Joer gedauert.

Fauna a Flora änneren

Déi gréisst Aartevillfalt vun den Dinosaurier ass entstanen. D'Bléieplanzen hunn eng Allianz mat den Insekte gebilt: si hunn hinne Pollen an Nektar ugebueden, am Géigenzug si si vun hinne bestäubt ginn. D'Plazenta- an d'Béideldéieren hu sech vun den Urmamendéieren ofgezweigt. Beim fënnefte Massestierwe vun der Äerdgeschicht gi bis zu dräi véirels vun allen Déieren- a Planzenaarte verluer.

Wichteg Déieren a Planzen aus där Zäit änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kräid (Geologie) – Biller, Videoen oder Audiodateien