Traité vu Meerssen gëtt deen Traité genannt, deen den 8. August 870 zu Meerssen bei Maastricht an der haiteger Provënz Limburg (Holland) geschloss gouf.

Traité vu Meerssen

Dora gouf d'Ierfschaft vum Lothaire II., nämlech Loutrengen (am Fong geholl: Lotharingien, wat bedeit: dem Lothar säint), tëscht dem Charles dem Plakkapp an dem Ludwig II. dem Däitschen opgedeelt. De Charel krut dee südwestlechen Deel, de Ludwig déi nordëstlech Hallschent.

D'Trennungslinn ass, graff gesot, laanscht de Flëss Meuse, Ourthe, Musel, Marne, Saône an da queesch duerch de Jura gelaf. Domat koumen déi politesch a wirtschaftlech wichteg Stied a Géigenden Oochen, Holland an d'Elsass un dat spéidert Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun.

Den Traité war wichteg fir déi spéider politesch Entwécklung vu Frankräich an Däitschland. Bis zum Enn vum Zweete Weltkrich gouf tëscht deenen zwéin ëm Loutrengen an den Elsass gestridden.

Kuckt och

änneren