Traité vu Verdun
Den Traité vu Verdun huet 843 d'Deelung vun der Muecht am Fränkesche Räich (Karolengerräich) tëscht den dräi Bouwe vum Louis I. "de Frommen" an deemno den Enkele vum Karel dem Groussen gereegelt.
De Vertrag vun 843
ännerenD'Virverhandlunge fir den Traité goufen an de Méint virdrun an der Basilika St. Kastor zu Koblenz vun 110 Gesandte vun deene betraffenen Herrscher gefouert. D'Resultat, vun deem selwer et keng schrëftlech Quell (méi) gëtt, war d'Deelung vun der Muecht am regnum francorum, dem Fränkesche Räich (Karolengerräich), andeems dat an dräi gedeelt gouf:
- de Charles II., "de Plakkapp" krut Westfranken (Francia occidentalis)
- de Ludwig II., "den Däitschen" krut Ostfranken (Francia orientalis)
- de Lothar I. krut Lotharingien (Francia media) a gouf doriwwer eraus Keeser.
An dëser geopolitescher Konfiguratioun huet dat haitegt Lëtzebuerg zum Lothar sengem Räich gezielt, dat sech vun Nordmier bis un de Golf vun Taranto erstreckt huet[1].
Zwar war d'Iddi vun der Deelung, datt d'Räich als Ganzt sollt preservéiert ginn a just d'Muecht bannent de Bridder vun enger Famill sollt opgedeelt sinn; an der Praxis war et awer sou, datt déi Deeler vum Räich net méi op Dauer zesummekomm sinn.
Bei der Deelung huet all Partei Wäert drop geluecht, datt kee sollt bevir- oder benodeelegt ginn. Dofir gouf en Inventaire vum Räich opgestallt (d'Descriptio regni). An dofir gouf och d'Grenz net no geographeschen oder sproochleche Krittäre gezunn, mä sou, datt jiddweree räich a manner räich Géigende krut, Zougank zum Mier, asw.
An de westfränkesche Räichsannalen, den Annales Bertiniani, heescht et:
De Charles ass mat senge Bridder zu Verdun zesummekomm. Do krut de Ludwig, alles déi Säit vum Rhäin, dobäi op dëser Säit d'Stied an d'Gaue vu Speier, Worms a Mainz; de Lothar, d'Land tëscht dem Rhäin an der Schelde bis do wou s'an d'Mier leeft an dann d'Land ronderëm Cambrai, den Hainaut, dat Lomensescht, tëscht der Meuse an der Sambre, südlech dovun dat Castrisescht Gebitt, an d'Grofschafte lénks vun der Meuse bis duer wou d'Saône an de Rhône leeft, an da laanscht de Rhône bis bei d'Mier mat de Grofschaften op béide Säiten. Baussent dëse Grenzen huet e just Arras kritt, well säi Brudder Charel et gutt mat him gemengt huet. De Rescht bis Spuenien huet de Charel kritt. An nodeem se sech géigesäiteg Eeder geschwuer haten, si se nees vunenee fort gaangen.
Den Traité vu Verdun kann als Ausgangspunkt ugesi ginn, bei deem Frankräich an Däitschland als Länner entstane sinn.
Duerno: 855 bis 880
ännerenDës Deelung an dräi, wéi se am Vertrag vu Verdun festgehale gouf, huet awer net laang bestanen. Schonn 855, wéi de Lothar gestuerwen ass, gouf d'Mëttelräich Lotharingien ënner sengen dräi Jongen opgedeelt (Prümer Deelung). De Lothar II. krut dobäi den Norde vu Lotharingien, wouzou dat haitegt Loutrengen an och Lëtzebuerg gehéiert huet[1].
Nom Doud vum Lothar II. am Joer 870, ass säi Räich duerch den Traité vu Meerssen tëscht senge Monnien opgedeelt ginn: de Charles de Plakkapp krut déi südwestlech an de Ludwig II. déi nordëstlech Hallschent. Lëtzebuerg gouf bei dëser Aktioun gespléckt[1].
Schlussendlech gouf et 880 mam Traité vu Ribemont nach eng weider Opdeelung.
Literatur
änneren- Brühl, Carlrichard: Deutschland - Frankreich. Die Geburt zweier Völker. Köln - Wien, 2. Auflage 1995, ISBN 3-412-08295-3; bes. Kap. 6, S. 353-410
- Ehlers, Joachim: Die Entstehung des Deutschen Reiches. (Enzyklopädie Deutscher Geschichte 31), München, 2. Auflage 1998, ISBN 3-486-56364-5
- Fried, Johannes: Die Formierung Europas 840-1046. (Oldenbourg Grundriß der Geschichte 6), München 3. Aufl. i.Vorb., ISBN 3-486-49703-0
- Eduard Hlawitschka: Vom Frankenreich zur Formierung der europäischen Staaten- und Völkergemeinschaft 840-1046. Darmstadt 1986, ISBN 3-534-03566-6