Vis-à-Vis (Film)
Film vum Émile V. Schlesser
(Virugeleet vu(n) Vis-a-Vis)
Vis-à-Vis ass e Kuerzfilm vum Émile V. Schlesser aus dem Joer 2021, mam Tommy Schlesser, Sophie Mousel a Monique Reuter an den Haaptrollen. Déi dramatesch Komedie iwwer d'Situatioun wärend der Corona-Pandemie war 2021 fir de Letzebuerger Filmpräis an der Kategorie "beschte Kuerzfilm" nominéiert.[1]
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2021 |
Dauer | 16 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 1,33:1 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Émile V. Schlesser |
Dréibuch | Émile V. Schlesser |
Fotografie | Sven Ulmerich |
Musek | Bloodhype, Mamas Gun, Mad Fox |
Schnëtt | Émile V. Schlesser |
Produzent |
Adolf El Assal, Émile V. Schlesser, Govinda Van Maele |
Produktiouns- gesellschaft | Filmreakter |
Schauspiller | |
Tommy Schlesser, Sophie Mousel, Timo Wagner, Julie Kieffer, Konstantin Rommelfangen, Monique Reuter, Shayan Mehrafza, Daniel Moutinho | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Synopsis
ännerenE jonke Mann (Tommy Schlesser) feiert mat Frënn bei sech doheem, obwuel COVID-Mesuren dat strengstens verbidden. Mä op eemol kënnt him de Verdacht op, datt der Madamm vu vis-à-vis eppes geschitt ass, fir dat hie verantwortlech kéint sinn.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Fiche vum Letzebuerger Filmpräis
- Artikel op Culture.lu
- Artikel vun der Revue
Referenzen
änneren- ↑ Lëtzebuerger Filmpräis. filmprais.lu Archivéiert de(n) 22.03.2022. Gekuckt de(n) 21.03.2022.