D'Gare du Nord ass eng SNCB/NMBS-Gare nërdlech vum Stadkär vu Bréissel, am sougenannte Quartier Nord. Si ass den nërdlechen Endpunkt vun der Nord-Süd-Verbindung a gëtt all Dag vun enger 1.200 Zich ugefuer. Op eng Woch gesinn benotze ronn 200.000 Leit d'Gare du Nord.

Gare Bréissel-Nord
Land Belsch
Gemeng Schaerbeek,
Saint-Josse-ten-Noode - Sint-Joost-ten-Node
Koordinaten 50°51'37,01"N, 4°21'38,99"O
Datum vum Bau 1952
Opgaangen 1952
Bléck op d'Quaien.

Si gouf 1952 gebaut an ass zanterhier gréistendeels onverännert bliwwen. Ursprénglech hu sech d'Gare du Midi an d'Gare du Nord vill geglach, mä zanter dat d'Gare am Süde fir den TGV, Thalys, ICE an Eurostar amenagéiert gouf, huet se vill vum Charme verluer deen ob der Gare du Nord nach ze gesinn ass.

Ausser dem Thalys halen all national an international Zich, déi d'Nord-Süd-Verbindung benotzen, an der Gare.

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Bréissel-Nord – Biller, Videoen oder Audiodateien