Timbre du souvenir ass den Numm vun enger Serie vun dräi Timbere vun der lëtzebuergescher Post, déi 1921 mat enger Surtaxe, an duerno nach eng Kéier 1923, déi Kéier mat enger duebeler Surtaxe, erauskomm ass.

Den Timbre du souvenir, an zwou Ausgaben, 1921 an 1923

Den Erléis vun de Surtaxe gouf gebraucht fir de Bau vum Monument du souvenir, der Gëlle Fra, an der Stad Lëtzebuerg hëllefen ze finanzéieren. D'Monument gouf den 23. Mee 1923 ageweit. D'Motiver vun deenen dräi Timberen hunn awer näischt mat der Gëlle Fra ze dinn.

Déi dräi Timberen hunn e postalesche Wäert vu respektiv 10, 15 a 25 Centimes vum Lëtzebuerger Frang. Si goufen no Kofferstéch vum franséische Kënschtler Henry Cheffer produzéiert.

D'Timbere si wéineg am Postverkéier gebraucht ginn a goufe virun allem u Sammler verkaaft.

Motiver änneren

Surtaxen änneren

De Set vun 1921 dréit eng einfach Surtaxe vu respektiv 5, 10 an 10 Centimes. E gouf 200.000-mol gedréckt. De Set vun 1923 dréit eng duebel Surtaxe vu respektiv 5+25, 10+25 an 10+25 Centimes. Déi Kéier koumen nëmmen 30.000 Sätz an de Verkaf.

De Verkaf war also e gutt Geschäft: fir e postalesche Wäert vu 50 Centimes huet de Keefer musse 75 C (1921) respektiv 1,50 Frang (1923) bezuelen.

Eng oder zwou Oploen? änneren

Alles weist drophin, datt de Set vun 1923 aus onverkaafte Bestänn vun der 1921er Oplo staamt: d'Timbere vun 1921 kruten einfach eng zweet Surtaxe opgedréckt. Z'erkennen ass dëst heirun:

  • d'Motiver si genee déi selwecht;
  • déi zweet Surtaxe ass net ëmmer mat der éischter alignéiert;
  • d'Wuert Souvenir huet iwwerall de selwechte Feeler am Buschtaf V;
  • d'Timberen hu genee déi selwecht Zuel vun Zänn (11,5 + 11,5);
  • d'Gumméierung ass zweemol gläich schlecht.

Technesches änneren

Den Timbre du souvenir gouf vun der Firma Joh. Enschedé zu Haarlem (Holland) am Déifdrock produzéiert.

Interessantes änneren

  • D'Gëlle Fra gouf ni op engem Timber duergestallt (Stand November 2014)
  • De 25c-Timber aus dëser Serie gouf weltberüümt an an d'Guiness-Buch vun den Timberen opgeholl: e koum 1923 mat engem anere postalesche Wäert (10 F) bei der Geleeënheet vun der Gebuert vun der Prinzessin Élisabeth a Blockform eraus. Dat war weltwäit deen éischte Block an der Philatelie. D'Oplo louch bei nëmme 5100 Stéck, wat mécht datt säi Wäert am Laf vun de Joren immens geklommen ass.

Quellen änneren

  • Henri Link, 1999. Timberen fir d'Gëlle Fra. ons stad 60: S. 8.
  • Prifix Katalog, 2007. Banque du timbre.