Thierry Mersch

lëtzebuergesche Sänger

Den Thierry Mersch, gebuer 1971, ass e lëtzebuergesche Pop- a Pop-Rock-Sänger a Schoulmeeschter.[1]

Thierry Mersch
Gebuer 1971
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sänger

Karriär

änneren

1980 ass den Thierry Mersch Member am Musekveräin zu Hengescht ginn.[1] Ufank der 1990er huet hien e Karaokeconcours mat enger Coverversioun vum Lidd Save Your Kisses for Me gewonnen, éier hien 1997 eng klassesch Gesanksausbildung am Dikrecher Conservatoire ugefaangen huet.[2][3]

2000 ass hie Member am belsche Saxophon-Quartett Quattro Lieti ginn. Zwee Joer drop ass seng éischt CD Je l'espère erauskomm. Si ass am Studio vum Jang Linster zu Fréiseng opgeholl ginn. Den Thierry Mersch war mat de Lidder Zéi de Krees net ze kleng (zesumme mat senge Schoulkanner gesongen) a Gleef un deng Dreem drop ze héieren. De Verkafserléis war fir e gudden Zweck.[4]

Mat de Kanner aus senger Schoulklass huet den Thierry Mersch 2004 d'Lidd Meng Hand opgeholl. Et ass mat enger Solonummer vun him (Wann s du mol d'Flemm hues) als Benefiz-CD verëffentlecht ginn.

2007 huet hien d'Benefiz-CD Kleng Kanneraen opgeholl.

Den Thierry Mersch ass 2011 bei de World Championships of Performing Arts zu Hollywood opgetrueden an huet do Lëtzebuerg vertrueden. Do huet hien et als ee vun 3000 Participanten ënner déi lescht fënnef gepackt, déi an d'Finall komm sinn. Am Ganze konnt hien eng Goldmedail, dräi Sëlwermedailen an eng Bronzemedail gewannen.[1] D'Joer drop huet hien am Musical Jesus Christ Superstar zu Mamer wärend sechs Virstellungen d'Roll vum Apostel Simon Zelotes gespillt.[1]

Säin Album Easy Living ass 2009 um éisträichesche Label Hellywood Music erauskomm. Singleauskoppelunge waren A Night for Dreaming a Gimme More. 2011 an 2013 sinn d'Benefiz-CDen Ee Grapp voll Hoffnung (fir den Telethon) respektiv Kuck net einfach ewech (fir Médecins sans frontières) verëffentlecht ginn.

Dertëscht ass 2012 säin zweeten Album New Visions mat siwe Lidder publizéiert ginn, déi vum Shele Sondheim aus den USA and dem Jimmy Martin produzéiert goufen.[1]

Den 8.3.2018 koum säin 3. Soloalbum "Don´t dream it, do it" raus, dem Thierry säi perséinlechsten an authenteschsten Album bis lo.

Den Thierry Mersch an den Eurovision Song Contest

änneren

Den Thierry Mersch huet schonn e puermol probéiert beim Eurovision Song Contest (ESC) matzemaachen. Lëtzebuerg mécht zënter 1993 net méi bei der Kompetitioun mat.

2013 hunn zwee vu senge Lidder et mat 156 anere Lidder an hiren Interpreten an d'Pre-Selektioun fir d'Schwäizer Virentscheedung gepackt. De Gewënner vum Concours huet d'Land beim Eurovision Song Contest 2014 vertrueden. Déi zwee Lidder vum Thierry Mersch waren Here Again, dat vum Jimmy Martin geschriwwe gouf, an I Am Me, wat de Mersch selwer geschriwwen huet.[5] Et gouf awer keent dervun zeréckbehalen.

Am Januar 2014 huet hie säi Lidd Here Again nei bei Unser Song für Dänemark, der däitscher Virentscheedung fir den ESC eragereecht.[6] Och do ass d'Lidd net weiderkomm.

Am Oktober 2014 ass bekannt ginn, datt och säi Plang net opgaangen ass, Lëtzebuerg an engem Duett mat enger Sängerin vu San Marino beim ESC ze vertrieden. San Marino TV hat dem Sänger eng Offer gemaach, fir San Marino um Eurovision Song Contest 2015 ze vertrieden. Dat wier eng absolut Première an der Geschicht vum Concours gewiescht, well nach ni virdrun hate sech zwéin europäesch Klengstaaten zesummegedoen, fir um Eurovision Song Contest deelzehuelen. Fir déi Koproduktioun hätt hie misse 50.000 Euro zesummekréien. Well den Thierry Mersch et net gepackt huet, déi Fongen ze sammelen, ass doraus näischt ginn.[7],[8],[9]

Mam Sänger Isaac Roosevelt huet de Mersch am Dezember 2014 d'Lidd Shout It Out verëffentlecht, dat erëm bei der däitscher Virentscheedung Unser Song für Österreich agereecht ginn ass.[10] Och domat ass hien net weiderkomm.

Am Mäerz 2018 ass dem Thierry Mersch säin Album Don't Dream It, Do It! erauskomm, bei deem hien un all Lidd matgeschafft a bal all d'Texter geschriwwen huet.[11] Dorop sinn ënner anerem d'Singelen Broken Love, en Duett mam Kelly Decker, a Final Crossroads ze fannen.

Privatliewen

änneren

Den Thierry Mersch huet Geschicht, Romanistik a Sinologie studéiert. Zënter 1999 ass hie Schoulmeeschter[3] am Centre scolaire Parc Housen.[5]

Discographie

änneren
  • 2009: Easy Living
  • 2012: New Visions
  • 2018: Don't Dream It, Do It!

Singelen

änneren
  • 2004: Meng Hand (Benefiz-CD fir d'Fondation Grand-Duc Henri - Grand-Duchesse Maria Teresa)
  • 2007: Kleng Kanneraen (Benefiz-CD fir d'Weesekanner vun Tschernobyl)
  • 2009: A Night for Dreaming
  • 2011: Was bleibt sind die Gefühle
  • 2011: Ee Grapp voll Hoffnung (Benefiz-CD fir den Téléthon)
  • 2011: Gimme More
  • 2012: New Visions
  • 2013: Kuck net einfach ewech (Benefiz-CD fir Médecins sans frontières)
  • 2013: Here Again
  • 2013: Hope Springs Eternal (Chakas feat. Andy Rossi, Mr. Funky, eXemo, Thierry Mersch a Pakamos)
  • 2014: Sout It Out (mam Isaac Roosevelt)
  • 2015: Hold On to Our Dream (mat der Patricia Venancio)
  • 2017: Broken Love (mam Kelly Decker)
  • 2017: Final Crossroads
  • 2018: Don´t dream it, do it
  • 2019: Inferno (Dream Sound Masters Club Remix)

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Biographie op timezone-records.com (gekuckt den 29. Mee 2015)
  2. Interview: Thierry Mersch präsentiert sein neues Album „New Visions" (26. August 2011)
  3. 3,0 3,1 Biographie op hellywoodmusic.com (gekuckt den 29. Mee 2015)
  4. Liewenslaf op Yomeco (gekuckt den 13. Mee 2015)
  5. 5,0 5,1 Luxemburger Wort (online): Luxemburger Sänger Thierry Mersch beim Eurovision Song Contest? (16. November 2013)
  6. Unser Song für Dänemark: Thierry Mersch - Here again - official Video (gekuckt den 21. Mee 2015)
  7. Luxemburger Wort: Luxembourg could return to Eurovision in San Marino collaboration (28. Oktober 2014)
  8. L'Essentiel: Thierry Mersch will für Deutschland antreten (24. November 2014)
  9. Luxemburger Wort: No Eurovision deal for Luxembourg and San Marino (24. November 2014)
  10. Unser Song für Österreich: Shout it out - Isaac Roosevelt and Thierry Mersch - official Video - HD (gekuckt den 21. Mee 2015)
  11. Lëtzebuerger Journal: Befreiungsschlag (7. Mäerz 2018)