Chakas

lëtzebuergesch Kannerpopgrupp

Chakas, ufanks nach Chaka-Kids[1] genannt, ass eng lëtzebuergesch Kannerpopgrupp.

Geschicht änneren

Chaka-Kids goufen Enn 2012 gegrënnt. Dofir goufen an engem Casting d'Sänger Kelly Decker, Aaron Mayer, Charel Rossi an Anna Felke gewielt.

D'Grupp huet mat Jonathan Reichling alias Exemo d'Lidd Elo ass de Moment opgeholl, dat den 28. November 2012 an digitalem Format verëffentlecht gouf. Den Erléis ass un d'"Kannerland" vun der Fondation François-Elisabeth gaangen.[2] D'Joer drop hu si eng eponym EP opgeholl an den 29. November 2013 hu si mam Andy Rossi, dem Mr. Funky (Isaac Roosevelt), dem Exemo, dem Thierry Mersch an dem Pakamos d'Single Hope Springs Eternal verëffentlecht.

2014 ass d'Single Come Back to Me erauskomm a méi spéit am selwechte Joer huet den Aaron Mayer d'Grupp verlooss.[3]

Am Abrëll 2015 ass d'CD Together erauskomm.

Discographie änneren

EP änneren

  • 2013: Chakas
  • 2015: Together

Singelen änneren

  • 2012: Elo ass de Moment
  • 2013: Gëff net op
  • 2013: Hope Springs Eternal
  • 2014: Come Back to Me

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. grenzecho.net: Wallstreet singt zusammen mit erster Kinderband in Luxemburg (30. November 2012)
  2. Communiqué op elisabeth.lu: CHAKA-KIDS – Elo Ass De Moment (verëffentlecht de 27. November 2012)
  3. Interview vu Chakas op RTL Radio de 27. Mee 2015