Terry Pratchett

englesche Fantasy-Schrëftsteller

Den Terence David John Pratchett gebuer den 28. Abrëll 1948 zu Beaconsfield am Buckinghamshire, a gestuerwen den 12. Mäerz 2015, war een englesche Fantasy-Schrëftsteller. Seng bekanntst Bicher sinn déi aus der Discworld-Welt.

Terry Pratchett
Gebuertsnumm Terence David John Pratchett
Gebuer 28. Abrëll 1948
Beaconsfield
Gestuerwen 12. Mäerz 2015
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Journalist, Dréibuchauteur, Science-Fiction-Schrëftsteller, Kannerbuchauteur, Auteur

Säi Liewen änneren

De Pratchett huet säin éischt "Wierk" mat 13 Joer erausbruecht, an der Schoulzeitung. Dës Kuerzgeschicht, The Hades Business, ass duerno an enger Science Fantasy Zäitschrëft ofgedréckt ginn, an huet dem Pratchett 1961 seng éischt 14 Pond erabruecht.

Nodeem hien 1965 mat der Schoul fäerdeg war, ass hie Lokal-Journalist ginn an huet seng éischt Kontakter mat der Buch-Industrie geknëppt. Duerno huet hien als Pressespriecher an engem Atomkraaftwierk geschafft, mä just soulaang bis hie méi Sue mat Schreiwen, wéi mat schaffe verdénge konnt.

Hien huet 1998 den Order of the British Empire fir seng Zerwisser un der Literatur kritt an zielt haut zu de meeschtgeliesene Schrëftsteller an England an doriwwer eraus.

Den Apel fält net wäit vum Stamm: säi Meedchen, d'Rhianna Pratchett, ass och Fantasy-Schrëftstellerin a Journalistin.

Säi Wierk änneren

Discworld änneren

Mat Going Postal ass Buch Nummer 33 an der Discworld-Serie Enn 2004 op de Maart komm. Dës Rei vu Bicher sinn humoristesch Fantasy-Parodien déi sech op enger Scheiwewelt ofspillen. Dës Welt gëtt vu véier Elefante gedroen, dës Elefanten hirersäits stinn um Réck vun enger enormer Rise-Schildkröt déi duerch de Weltraum schwëmmt (wéi gesot, et handelt sech ëm Fantasy, an dach baséiert dës Geschicht op engem reale Mythos vun den Hindus: der Chukwa).

Dem Pratchett seng Parodien ëmfaasse sou Theme wéi Science fiction, Ingmar Bergman-Filmer, Australien, Hollywood, Zeitungen, Rock'n Roll Musek, Relioun, Philosophie, egyptesch Geschicht, Gewerkschaften, Monarchie a sou weider. Eigentlech riichte sech seng Geschichten un dat erwuessent Publikum, mä zum Beispill huet hien 2001 d'Carnegie Medal fir säi Roman The Amazing Maurice and His Educated Rodents als beschte Kanner-Roman gewonnen.

Bicher am Zesummenhang mat Discworld änneren

Zesumme mam Ian Stewart an Jack Cohen huet de Pratchett The Science of Discworld (1999) an The Science of Discworld II: The Globe (2002) geschriwwen. Dës Bicher beschreiwen op eng quasi wëssenschaftlech Aart a Weis d'Scheiwewelt. Een drëtt Buch an dëser Serie, The Science of Discworld III: Darwin's Watch, soll am Mee 2005 erauskommen.

Adaptatiounen änneren

Bande dessinée änneren

  • The Colour of Magic, The Light Fantastic, Mort an Guards! Guards! gëtt et als Comic.

Theater änneren

E puer vum Pratchett senge Romaner si vum Stephen Briggs zu Theater-Stécker ëmgeschriwwe ginn:

  • Wyrd Sisters: The Play (1996)
  • Mort: The Play (1996)
  • Johnny and the Dead (1996) (non-Discworld)
  • Guards! Guards!: The Play (1997)
  • Men at Arms: The Play (1997)
  • Maskerade (1998)
  • Interesting Times (2002)
  • The Truth (2002)

Zeechentrickfilmer änneren

  • Wyrd Sisters a Soul Music si vu Cosgrove Hall Films fir Channel 4 als Zeechentrickfilm-Serie erauskomm.

Radio änneren

  • Guards! Guards!, Wyrd Sisters an Mort sinn als Lauschterspill-Serie um Radio gelaf an The Amazing Maurice and his Educated Rodents ass als 90-Minutte Stéck op BBC Radio 4 gesent ginn.

Éischt Editioune vun den éischten Discworld Bicher ginn deier gehandelt, sou kascht déi englesch Éischteditioun mat haardem Deckele vun The Colour of Magic iwwer £2000 (4,500 Stéck sinn an den USA vu St Martin's Press gedréckt ginn, dovu sinn der just 506 an England verkaaft ginn, also eng zimmlech Raritéit), fir The Light Fantastic muss een ëmmerhin nach £1000-1500 berappen.

Kuriéiserweis kann ee sech selwer an enger Geschicht veréiwegen. Heiansdo nämlech fält et dem Här Pratchett an, op enger Woltätegkeetsveranstaltung deem, deen am meeschte bitt eng Roll an engem Buch quasi op de Leif ze schreiwen.

Déi aussergewéinlech Buchdeckel-Illustratioune fir all Discworld Bicher (op d'mannst emol déi, déi an England verkaaft ginn) huet bis 2001 den Josh Kirby gemoolt.

Aner Bicher vum Pratchett änneren

Net ze vergiessen eng Rei vu Bicher déi näischt mat der Scheiwewelt ze dinn hunn.

Do sinn zum Beispill déi dräi Bicher iwwer den Johnny Maxwell, Only You can save Mankind, Johnny and the Bomb an Johnny and the Dead, een zwielef Joer jonke Borscht deen nawell eppes erlieft.

Da gëtt et nach zwéi Romaner déi méi a Richtung Science fiction tendéieren, natierlech mat enger typescher Portioun Humor. Klengt Beispill: « D'Ausgruewungen hu bewisen datt de Plesiosaurier ee Schëld am Grapp gehalen huet, wou drop stoung, Stoppt Atomversich: ELO. Dat war näischt Ongewéinleches, mä... »

Oder d'Nomen-Trilogy (Truckers, Diggers, Wings) iwwer ee Vollek vu Gnomen déi urplëtzlech mussen hir Welt verloossen. Hir Welt ass, wéi sech erausstellt, dem Ënnergank geweit, well hir Welt ass nämlech e Mega-Akafszentrum à la Harrods, deen elo ofgerappt gëtt. An dräi Romaner gëtt den Exodus, den Nei-Ufank an de Grëff no de Stäre beschriwwen. Vill Parallellen zu eisen Zivilisatiounen an eng Portioun sozialer Kritik maachen aus dëse Bicher kleng Bijouen.

Mä den absolutten Hummer ass Carpet People. Wien elo mengt, et géif ëm wierklech mini Männercher goen déi an engem décke Perser-Teppech wunnen, a fir déi de Stëbssuckler eng Naturkatastroph ass, dee läit richteg. Wann ech schreiwe mini, da mengen ech och mini. Sou tummele sech do ganz Vëlker an deem Teppech, mat Kricher an Expeditiounen an Äerzminnen, déi wäit ewech leien. Gleeft mir, dir kuckt ären Teppech ni méi mat deene selwechten Ae wann der dëst Buch gelies hutt.

Hei eng Lëscht:

  • Strata (et geet zwar och ëm eng Scheiwewelt, mä et ass éischter geduecht als eng Parodie op dem Larry Niven säi Ringworld) (Colin Smythe, 1981)
  • The Dark Side of the Sun (Colin Smythe, 1976)
  • The Carpet People (dem Pratchet säin éischt Buch, substantiell frësch geschriwwen nodeem hie berüümt gi war) (Colin Smythe, 1971)
  • Eng Trilogy (och bekannt als The Bromeliad):
    • Truckers
    • Diggers
    • Wings
  • Good Omens (geschriwwen zesumme mat dem Neil Gaiman)
  • The Unadulterated Cat (mat dem Gray Jolliffe. Een Hommage u Kazen)
  • Eng Kannerbicher-Triolgy iwwer den Johnny Maxwell, deen doudeg Leit gesäit, Aliens an nach ee ganze Koup aner komesch Saachen:
    • Only You Can Save Mankind
    • Johnny and the Dead
    • Johnny and the Bomb
  • Once More* *With Footnotes – eng Kollektioun vun Artikelen, Virwierder a Kuerzgeschichten, publizéiert vun NESFA.

Bicher wou de Pratchett seng Fangeren am Spill hat änneren

  • Meditations on Middle-Earth (2002)
  • The Leaky Establishment vum David Langford mat engem Virwuert vum Pratchett

Bicher iwwer den Terry Pratchett änneren

Dem Pratchett seng Bicher hunn, fir de Fantasy-Genre, ongewéinlech vill Präisser gewonnen an et gëtt och eng Partie Bicher déi sech mat sengem Wierk beschäftegen. Eng Kompilatioun dovun, Terry Pratchett: Guilty of Literature?, eds. Andrew M. Butler, Edward James a Farah Mendlesohn, publizéiert vun der Science Fiction Foundation am Joer 2000.

Internet änneren

De Pratchett war ee vun den éischte Schrëftsteller déi den Internet benotzt hu fir mat hire Lieser a Kontakt ze kommen. Zanter Joren ass hie reegelméisseg am Usenet Newsgroup alt.fan.pratchett ze fannen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Terry Pratchett – Biller, Videoen oder Audiodateien