Terebellum ass d'Bezeechnung fir eng Grupp vu véier Stären am Stärebild Sagittarius. D'Grupp besteet aus de Stären ω Sgr, 59 Sgr, 60 Sgr an 62 Sgr.


De Stär ω (Omega) Sagittarii gehéiert zu der Spektralklass G5V an huet eng visuell Magnitude vu +4,70 mag. Hie läit op enger Distanz vun ongeféier 78 Liichtjoer.

Koordinaten (Equinoxe 2000)


De Stär 59 Sagittarii gehéiert zu der Spektralklass KIII3 an huet eng visuell Magnitude vu +4,54 mag. Hien ass ongeféier 1200 Liichtjoer vun eis ewech.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

  • Rektaszensioun: 19h 56min 56.825s
  • Deklinatioun: -27° 10' 11.505"

De Stär 60 Sagittarii gehéiert zu der Spektralklass G8II/III an huet eng visuell Magnitude vu +4,84 mag. Hie läit ronn 340 Liichtjoer vun eis ewech.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

  • Rektaszensioun: 19h 58min 57.176s
  • Deklinatioun: -26° 11' 44.979"

De Stär 62 Sagittarii gehéiert zu der Spektralklass M4III an huet eng visuell Magnitude vu +4,43 mag. Hie läit op enger Distanz vu 448 Liichtjoer.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

  • Rektaszensioun: 20h 02min 39.459s
  • Deklinatioun: -27° 42' 35.567"

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie