Surbich

Belsch-lëtzebuergesch Grenzbaach

D'Surbich (fr:Surbach, de:Sirbach) ass eng Baach am Éislek am Kanton Dikrech, an an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Surbich
D'Surbich vun der Bréck bei Tënnen flossop gesinn
Längt 4,6 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Zesummelaf vun der Guémonce a
Ruisseau de Livarchamps (Revâru)
Héicht 375 m
Koordinaten 49° 54’ 12.06’’ N 05° 44’ 20.40’’ O
Konfluenz
Leeft an Syrbaach
Plaz Gossemaark LB178
Bauschelt / Sir / Tënnen
Héicht 341 m
Koordinaten 49° 52’ 32.20’’ N 05° 46’ 57.9’’ O
Haaptnieweflëss Milbech
Geographie
Land Belsch
Lëtzebuerg
Uertschaften Honville

Se entsteet nërdlech vun der Mille vun Honville aus dem Zesummelaf vun de Baache Guémonce a Revâru op enger Héicht vun 375 Meter.

Se leeft vun do un no Süde fir no ronn 250 Meter tëscht de Gossemaarken LB 184 an LB 185 op Lëtzebuerger Territoire ze lafen. An enger Griecht an de Bëscher leeft se dann ee Kilometer weider fir nees eng Kéier tëscht de Gossemaarken LB 181 an LB 182 an d'Belsch zeréckzelafen. Duerno leeft se ronn 3 km no Südosten, fir bei der Maark LB 178 an d'Syrbaach ze lafen.

D'Baach ass 4,6 km laang, dovu 4,4 km op lëtzebuergeschem oder hallefscheetlechem Terrain.

Chaînage änneren

Baseng Niewewebaseng Direkt Nieweflëss Rang 3 Rang 4 Rang 5 Rang 6
Rhäin Musel Sauer Syrbaach Surbich Ruisseau de Guémonce Ruisseau d'entre les Bois
Ruisseau de Livarchamps Ruisseau de Pûboi
Florâru
Ruisseau de Noulet [1]

Notten:

  1. De Ruisseau de Noulet ass d'Quellbaach vum Ruisseau de Livarchamps

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren