D'Supernova 1604, och d'Kepler Supernova oder Kepler Stär genannt, war eng galaktesch Supernova déi ongeféier op enger Distanz vu 6.000 Parsec (20.000 Liichtjoer) am Stärebild Ophiuchus explodéiert war. Mat enger visueller Magnitude vu -2,5 war si deen hellste Stär um Nuetshimmel.

Supernova 1604
Illustratioun aus De Stella nova in pede Serpentarii, déi d'Positioun vun der Supernova ugëtt

Déi éischt noweisbar Observatioun war den 9. Oktober 1604. Den Astronom Johannes Kepler huet d'Supernova de 17. Oktober entdeckt an huet seng Observatiounen am Buch De Stella nova in pede Serpentarii („Vum neie Stär am Fouss vum Schlaangendréier“) publizéiert.

Koordinaten änneren

Um Spaweck änneren