Ligne de vie (Film)

Film vum Christophe Wagner aus dem Joer 2002

Ligne de vie ass e lëtzebuergeschen Documentaire vum Christophe Wagner aus dem Joer 2002.

Ligne de vie
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 2002
Dauer 55 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Christophe Wagner
Dréibuch Christophe Wagner
Fotografie David Van Berg
Musek Sug(r)cane & Songs from Safara
Schnëtt Thierry Faber
Produzent Anne Schroeder
Claude Waringo
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Film portraitéiert 4 Leit - e Mann, eng jonk Fra, eng Koppel - an hirem schwéieren Equiliber tëscht "normalem" Liewen an Ofrutschen an d'Marginalitéit (se sinn alle véier drogenofhängeg).

Soss änneren

De Film war dem Christoph Wagner säin éischte Film nom Studium a gouf tëscht Januar a Juni 2001 gedréint. Am Ganze goufe 50 Stonne Filmmaterial opgeholl.[1][2]

Bei der Presentatioun vum Documentaire gouf och e fiktionale Kuerzfilm vum Christoph Wagner, Un combat, gewisen.[1]

De Film gouf op VHS-Kassette verëffentlecht.[1]

Wat gouf driwwer geschriwwen? änneren

Josée Hansen, d'Lëtzebuerger Land:[1]

"Christophe Wagner réussit le défi difficile de se glisser dans l'intimité des gens qu'il observe, dans leur vie, pour les montrer de l'intérieur, sans pour autant les trahir. [...] Il ne démontre pas, il montre - et c'est la grande qualité de son film."

Viviane Thill, Forum N° 222:

"Sur un sujet difficile, celui de la misère sociale au Luxembourg, Christophe Wagner a réussi un film convaincant et touchant, parfois révoltant et souvent dur, qui laisse toujours le spectateur libre de l'attitude qu'il choisira d'adopter vis-à-vis des protagonistes."

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 land.lu: De la dignité vum Josée Hansen (24. Oktober 2002)
  2. Obdachlosegkeet zu Letzebuerg: Treffen mam Christophe Wagner (ondatéiert; gekuckt de 14. Dezember 2021)