Chez Kito Kat

franséische Musekslabel

Chez Kito Kat ass e franséische Musekslabel vu Richemont a Loutrengen. E gouf 2006 vum Salima Bouaraour a vum Samuel Ricciuti gegrënnt. 2007 ass nach de Christophe Biache derbäikomm.[1]

Logo vu Chez Kito Kat

Bei Chez Kito Kat stinn och eng Rei lëtzebuergesch Kënschtler a Gruppen ënner Vertrag, dorënner Synthesis, Mount Stealth, Miaow Miaow an Artaban.[2] Allgemeng representéiert de Label eng grouss Diversitéit vun onofhängege Kënschtler, déi ënner anerem elektronesch Musek, Pop/Rock, Hardcore, Blues oder Hip-Hop maachen.

Besonnesch bei Chez Kito Kat ass datt vill Poschette vun de Placken nach op der Hand gemaach ginn.[3]

Déi digital Release ginn ënner dem Numm Digital Kito Kat verëffentlecht.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. groundcontroltomajortom.typepad.com: Interview et Mixtape: Chez. Kito. Kat Records
  2. luxuriant.lu: Chez Kito Kat se met à l'heure luxembourgeoise (gekuckt den14. Januar 2014)
  3. culturebox.francetvinfo.fr: "Chez Kito Kat", le label indépendant mosellan (23. Mee 2011)